Komplex Wëssenschaft ganz einfach erkläert
Wärend den Donneschdeg a Freideg fir d'Lycéesschüler reservéiert sinn, kann e Samschdeg jiddereen op d'Researchers' Days goen. Den Entrée ass gratis.
D’Wëssenschaft besser kenneléieren, déi Méiglechkeet kritt een op den “Researchers’ Days”. Fir d’aachte Kéier treffe sech dës Woch verschidde Lëtzebuerger Acteuren aus der Fuerschung an der Rockhal. D'Wëssenschaftler kréien eng Plattform, fir hir Aarbecht ze präsentéieren a mam Public a Kontakt ze trieden.
De Fuerschungsevenement gëtt all zwee Joer Enn November vum Nationale Recherche-Fong organiséiert. Et kann een 33 interaktiv Workshoppe besichen, déi komplex Wëssenschaft ganz einfach erkläre sollen. D’Researchers’ Days solle fir d’Lycéesschüler als Complement zum Kuer déngen. Mä den Evenement ass net nëmme fir d’Schüler geduecht, wéi de Jean-Paul Bertemes, Head of Science in Society vum FNR erkläert.
“Et gesäit een einfach, dass eng grouss Demande do ass vun de Leit. Wat fir mech perséinlech an och fir déi Leit, déi hei matmaachen, en Indicateur vum Succès ass, ass wann een dat Fonkelen an den Ae vun de Kanner, déi matmaachen, gesäit. Och bei den Erwuessenen, déi staunen a matmaachen a villäicht selwer rëm zu Kanner ginn a soen 'Woah, wéi cool ass dat do!'. Dat ass einfach déi positiv Atmosphär, déi hei sou ass."
Op de “Researchers’ Days” kann ee selwer Experimenter maachen, Froe stellen, an e perséinlechen Abléck an d’Fuerschung zu Lëtzebuerg kréien. Esou wëll een de Leit weisen, dass Wëssenschaft net onbedéngt komplizéiert muss sinn an et net nëmme fir e klenge Grupp vu Leit ass. Allgemeng ass den Evenement gutt bei de Lycéesschüler ukomm.
D’Researchers’ Days kommen dem natierleche Besoin vun de Kanner entgéint, Saachen ze entdecken. Bis elo sinn iwwer 3.000 Schüler fir d’Researchers’ Days ugemellt. En Donneschdeg waren eng 1.200 Schüler present. All Altersgrupp ass wëllkomm.