De Magazin ass op der Sich nom Chrëschtbeemche vum Joer a war dofir en Dënschdeg den Owend zu Mutfert.

D’Anne-Laure Gudenburg huet schonn als Studentin ugefaangen, de Chrëschtbeemchen ze rëschten a féiert dës Traditioun elo mat senger Famill virun. Nieft enger Dänn hu si awer och ënnert dem Beemchen eng kleng Stad opgeriicht, mat villen Haisercher, Luuchten an e bësse Schnéi.

Nodeems mir e Méindeg zu Diddeleng waren, en Dënschden zu Mutfert si mir e Mëttwoch den Owend zu Déifferdeng a stellen Iech do eis leschten Dänn vir. Bis en Donneschden de Moie kënnt Dir nach ofstëmmen.