Fir d'Sängerin war et dëst Joer en emotionale Chrëschtdag: Hir Bouwen, déi u sech beim Papp liewen, waren zanter zwee Joer fir d'éischt bei hirer Mamm.

"Beschte Chrëschtdag a mengem Liewen!!!", schreift déi 43 Joer al Britney Spears bei engem Post op Instagram. Grond dofir sinn hir Bouwen, Denn Sean Preston, 19 Joer al, an Jayden James, 18 Joer al. Déi zwee hunn dëst Joer d'Feierdeeg mat hirer Mamm verbruecht - dat nodeems si si zwee Joer net méi gesinn hat.

Um Video ze gesinn, ass d'Britney Spears mat hirem jéngste Bouf. Si gëtt him e Kuss op de Bak an déi zwee wënsche Schéi Chrëschtdeeg. Zwar ass just den Jayden James op der Opnam ze gesinn, ma d'Ënnerschrëft vum Post suggeréiert, datt och säi grousse Brudder Sean Preston dobäi war.

D'Relatioun tëscht der Mamm an hire Kanner war net ëmmer einfach. 2023 sinn déi zwee Teenager mat hirem Papp Kevin Federline op Hawaii geplënnert. Ma scho virdrun haten d'Jongen hirem Papp no "decidéiert, si aktuell net ze gesinn" an hir Mamm méintelaang net getraff. Och bei der Hochzäit mam Sam Asghari am Juni 2022 waren déi zwee net dobäi.

Zanter der Scheedung vum Federline 2007 louch d'Suergerecht vun de Kanner gréisstendeels beim Papp. An hire Memoiren "The Woman in Me", déi d'lescht Joer erauskoumen, geet si och op déi komplizéiert Bezéiung zu hire Bouwen an. Ee Passage deit dorop hin, datt si decidéiert hat, sech net méi géint d'Tutelle vum Geriicht ze wieren, déi hire Papp 2008 ugefrot hat. "Meng Fräiheet am Austausch fir eng Rascht mat menge Kanner", huet si geschriwwen. "Dat war en Tosch, deen ech bereet war, anzegoen."

2021 krut den Jamie Spears d'Tutelle iwwer seng Duechter ewechgeholl, woumat d'Britney Spears no iwwer 13 Joer déi komplett Kontroll iwwert hiert eegent Liewen an hiert Verméigen zeréckkrut.