Dat brittescht Klaatschblat "Hello Magazine" wollt wëssen, wien déi räichste Famill an Europa ass.

De Revenu vun der groussherzoglecher Famill kënnt net vu kinnekleche Subventiounen, wéi a Groussbritannien zum Beispill.

D'Regierung zu London huet déi lescht 3 Joer 102 Milliounen un hir kinneklech Famill bezuelt. An där Zäit krut den Haff 10 Milliounen Euro, dat fir Deplacementer a fir d'Personal vum Haff.

D'Verméige vum Grand-Duc kënnt vu privaten Objeten, Terrainen, Gebaier a Bijouen.

International ass dat awer net d'Spëtzt: De Kinnek vun Thailand Maha Vajiralongkorn a seng Famill kommen zum Beispill op 39 Milliarden Euro u Verméigen

An Europa ass Lëtzebuerg awer virop, duerno kënnt Liechtenstein mat 2,75 Milliarden Euro. Duerno Monaco mat 894 Miiliounen Euro an da réischt de Clan Windsor mat 685 Milliounen Euro.

Ganz wäit ofgeschloen ass déi spuenesch Kinneksfamill mat 2,5 Milliounen Euro.