Besuch vun der ierfgroussherzoglecher Koppel op der Uni.lu
Kuerz virun hirer zukünfteger Roll als Grand-Duc a Grand-Duchesse wollt d'ierfgroussherzoglech Koppel den direkten Echange mat deene Jonke sichen.
Nom Empfang virun der Maison des Sciences Humaines a kuerze Visitten am Media Center, wou d’Thema "Desinformatioun" dominéiert huet, stoung virun allem den Austausch mat de Studenten am Fokus. D’Ierfgroussherzoglech Koppel huet mat hinnen iwwer d’Zukunft vun der Monarchie an hirer Roll an der Gesellschaft diskutéiert.
De Charles Dufour aus Frankräich erzielt, wéi et fir hie war, de Grand-Duc Héritier a Grand-Duchesse Héritière perséinlech ze begéinen:
"Et bien sûr d’abord une fiereté et honneur parce que ce n’est pas tous les jours et car je vienne de la France, donc je ne connais pas beaucoup de monarque, on va dire. Mais c’était un échange très constructif et je pense que pour la communauté étudiante, comme de leur côté, je pense qu’il y a de bonnes choses à retenir!"
Dem Sam Zawalsky no war d'Ierfgroussherzoglech Koppel och oppe fir iwwer kritesch Froen ze schwätzen:
"Ech hu mäi Courage geholl, fir déi Fro vun der finanzieller Transparenz unzeschwätzen, ech mengen dat ass halt fir si eng zimmlech delikat Affär, vue dass een do Privatliewen iergendwéi op d’Spill setzt an dat kann een och verstoen, dass een an déi perséinlech net wierklech wëll ragoen. Ech mengen, mir hunn de Punkt och gemaach, dass hir Legitimitéit duerch de Support och vum Public kënnt, dat sinn halt mir, jiddereen deen zu Lëtzebuerg lieft."
D’Lea Robert schwätzt vun enger agreabeler Atmosphär wärend der Diskussioun mat der Ierfgroussherzoglecher Koppel:
"L’atmosphère était très détendue, le prince héritier, qui était très à l’écoute, on a réussi à poser quelques questions, et le dialogue c’est passé de façon harmonieuse. On a pu apprendre de leur expérience et ils ont pu apprendre de la nôtre."
D’Claire Foeteler fënnt et positiv, dass och op d’Meenung vun de Studente gekuckt gëtt:
"Jo also mir haten eis Präsentatioun, wou mer virbereet hunn, wou mer och Kritik geäussert hunn, mir hunn och Pro- a Kontra-Argumenter gebueden a si hunn dat ugeholl, si denken doriwwer no, si wäerten dat eescht huelen, an et huet een och un de Froe gemierkt, dass se wierklech interesséiert sinn an dass et net nëmmen iergendeppes war, genre : mir maachen dat elo, just fir ee Publicity-Stunt oder sou. Mee et huet ee gemierkt: si waren interesséiert an ech fannen dat huet eis och gewisen, ok, och wa mir just kleng Unisstudente sinn, eis Meenung zielt awer."
Dës Visitt ënnersträicht d’Wichtegkeet vun engem oppenen Dialog tëscht der Monarchie an de Bierger. Vum Grand-Duc Héritier gouf am Kader vum Besuch een Avatar erstallt.