Dës Woch goung et ëm Beauty, d'Biergcourse zu Luerenzweiler a Comedy.

Den Andreas Wendt kennt een als "Salonretter", an am Jury vu "My Style Rocks" huet hien nieft dem Harald Glööckler Punkte fir de richtegen Outfit verginn. Scho ganz fréi huet den Andreas sech fir Beauty, Styling a Medien interesséiert, an huet Studiosloft zu Hürth-Kalscheuren geschnoffelt bei Produktiounen wéi "Familien-Duell', "Unter Uns", "7 Tage 7 Köpfe" an "Ilona Christen". Wéi hien d'Schoul fäerdeg hat, huet hien säin éischten Coiffeurssalon opgemaach an op der Tëlee huet hie sech e Numm mat 'Der Salonretter' gemaach oder spéider a 24 Episoden bei "Neie Wand mam Wendt".

Den Andreas Wendt op Instagram

RTL

De Paul Kréier suergt dofir, dass op Ouschterméindeg genee wéi 1966 schonn, eng Biergcourse zu Luerenzweiler gefuer gëtt. Vu Luerenzweiler op Blaaschent sinn et 1.550 Meter, déi et a sech hunn a fir 18 Euro kritt ee vill gebueden. Moies si chronometréiert Essaien a mëttes ginn dann 3 Manche gefuer. d'Schwieregkeet ass natierlech déi maximal Pente vun 8 % an de Rekord leit bei 41 Sekonnen an 31 Honnertstel. Zanter der éischter Editioun am Joer 1966 ass d'Course e grousse Succès fir déi national Piloten, mee och fir déi international Konkurrenz déi sech ënnereneen moosse wëll.

Den Internetsite vun der Biergcourse

RTL

Den Daniel Moutinho suergt mat Stand-up-Comedy dofir, dass säi Public eppes ze laachen huet, an dat och den 30. Abrëll am Casino zu Munneref. Um Internet an an de Soziale Medien huet hie sech en Numm als "Joss den Hellen" oder "John the Bright"" gemaach. De geléierte Fahrlehrer deelt gären op der Bün aus an a sengem neie Programm reest hie mat sengem Public duerch déi eenzel Aventuren, déi hien schonn erlieft huet. Anekdoten iwwer säi Bopi, seng Elteren a seng Frënn gëtt et am Spektakel "Maîntenant c'est drôle".

Den Daniel Moutinho op Instagram

RTL