Rea Garvey, Paul Zimmer, Thierry Schloesser a Loïc Juchem + Raoul Roos
Dës Woch geet et ëm Musek, Satellitten, historesch Autoen an ... den ESC.
De Rea Garvey kënnt den 30. Mee op Lëtzebuerg bei Geleeënheet vum USINA25, wou och Nimm wéi Kamrad, Dutch Criminal Record a Blues-Ish op der Affiche stinn. Et ass net déi éischt Visitt vum iresche Sänger a Gittarist op enger Lëtzebuerger Bün, mee et gouf nees héich Zäit. Mat aktuelle Lidder vum Album 'Halo' awer och Hits wéi 'Free like the ocean', 'Perfect in my eyes', 'The one' oder Evergreens aus senger Zäit bei Reamonn dierfen beim sympathesche Sänger net feelen.

De Paul Zimmer huet, als fréieren Weltraumkoordinator, Buch gefouert iwwer déi spannend Geschichten, déi ronderëm d'Satelittenindustrie hei am Land dréinen. An den 1980er Joren huet Frankräich Lëtzebuerg quasi de Krich erkläert, 'la guerre des satellites télé', aus deem Lëtzebuerg als Gewënner ervirgaangen ass. Memorabel ass d'Nuecht vum 10. op den 11. Dezember 1988 wéi Lëtzebuerg säin éischten Satellit op Orbit gesat huet an zur Nummer 1 weltwäit gouf. 'Die ASTRA-Story' mat ville Fotoen an engem Virwuert vum Éierestaatsminister Jacques Santer liwwert all Fakten.

Den Thierry Schloesser bréngt den nächste Weekend schéin an historesch Autoen op Schëtter. De 'Classic Day Schëtter' geet a seng 3. Editioun an ugemellt hu sech fir déi zwee Deeg vum 24+25ten Mee al Autoen, Motoen an Trakteren. Um Campus zu Mënsbech dierf ee sech op e puer rare Gefierer freeën, déi een net sou dacks gesäit, an elo wärend zwee Deeg beieneen huet. Et gëtt e 'Concours d'Elégance', eng Expo mat historeschen Rallyeween a vill Aktivitéite fir d'ganz Famill. Facebook: Classic-Day-Schëtter

1 Woch sinn de Loïc Juchem an de Raoul Roos schonn zu Basel a melle sech vum ESC mat alle Rumeure ronderëm déi gréissten Musekshow vun der Welt. No der zweeter Halleffinall kënnt d'Laura Thorn sengem groussen Dram nees e Stéck méi no. Déi Zwee weisen eis exklusiv Impressiounen no der Annonce, dass et duer gaangen ass fir an d'Finall e Samschdeg. Et gëtt déi éischt Wierder vun eiser ESC-Hoffnung, Backstagebiller an Hannergrondinformatiounen iwwer dee grousse Spektakel, deen e Samschdeg um 21h live op allen RTL-Medieplattformen ze gesinn ass.
