Wéi de groussherzoglechen Haff matdeelt, erwaarden d'Prinzessin Alexandra an hire Mann, den Nicolas Bagory, hiert zweet Kand.

D'Kand soll am Hierscht op d'Welt kommen, heescht et weider. Dat 34 Joer aalt Alexandra, eenzeg Duechter vun der groussherzoglecher Koppel Henri a Maria Teresa, war d'lescht Joer eng éischte Kéier Mamm vun engem Meedche ginn. D'Victoire ass de 14. Mee 2024 op d'Welt komm.