Tom Bausch, Noemie Carvalho, Loïc Schlentz, Ben Funck a Giovanni Zarrrella
Dës Woch geet et ëm Mini-Entreprisen, Musek a Cyclissem.
Op der Finall vun de Mini-Entreprisen sinn den Tom Bausch vu 'LetzLearn' an d'Noemie Carvalho mat 'Feel it' ausgezeechent ginn. 16 Ekippen vun 117 Mini-Entreprisen waren en Donneschdeg an d'Finall komm, dorënner och 'LetzLearn' mat 7 motivéierten Schüler aus dem Kolléisch, déi eng App entwéckelt hunn, fir Lëtzebuergesch ze léieren, a 'Feel it', wou 4 Schüler e Spill och fir 'blann' Leit erausbruecht hunn. Un deene jonke Leit war et fir alles selwer ze maachen vun der Iddi, iwwer d'Ëmsetzung, d'Finanzen, de Marketing an de Verkaf. www.instagram.com/letzlearn_/ www.instagram.com/letzlearn_/


De Loïc Schlentz kënnt de 15. Juni mat de 'Real Comedian Harmonists' op Mondorf an de Casino 2000. De Sänger, Schauspiller a Mover deen déi franséisch an déi lëtzebuergesch Staatsbiergerschaft huet, huet fir d'éischt Klarinett gespillt, ier et hie bei de Gesank gezunn huet. Seng Basis huet hien am Stater Conservatoire fonnt, huet bei Schoulopféierunge matgemaach an no sengem Ofschloss op der 'Universität der Künste' zu Berlin huet hie vill Erfarungen gesammelt. Elo ass hien mat 'The Real Comedian Harmonists' op Tournée. www.realcomedianharmonists.com/schlentz

De Ben Funck kennt de Programm vun der 74. Editioun vun der 'Flèche du Sud'. Ee vun den Highlighte am nationale Vëloskalenner fiert déi nächst Woch vu mëttwochs un nees duerch d'Land. 680km stinn wärend 5 Deeg um Programm a lass geet et direkt den éischten Dag mat engem Prolog zu Diddeleng. De Peloton besteet virun allem aus villen internationalen Cyclisten, dorënner de Pim Ronhaar, deen déi lescht zwou Editioune fir sech entscheede konnt. www.fleche-du-sud.lu

De Sänger an Entertainer Giovanni Zarrrella freet sech op déi nächst Show an huet nei Musek derbäi. Mat der Band 'Bro'Sis' huet hien eng éischte Kéier op sech opmierksam gemaach. Duerno goung et jorelaang als Solist weider, mee zanter hie Jurysmember vun 'The Voice' war a seng eegen Show e puer mol am Joer huet, ass hien ee vun de beléiftsten Entertainer aus Däitschland. Zu Lëtzebuerg huet hien awer och e speziellen Bezuch an säin aktuellen Album 'Universo' dréit och seng eegen Handschrëft. www.giovanni-zarrella.de
