'Maël & Jonas', Christophe Sauber a Marc Ewerling
Dës Woch geet et ëm Musek, Fotografie an d'First Lego League.
'Maël & Jonas' bekannt aus 'The Voice' sinn e Samschdeg op der Fête de la musique zu Diddeleng. Si si gutt Kolleegen a kenne sech scho 15 Joer. Dass se och zesumme Musek maachen, war awer méi Zoufall. 2020 hu si 'The Voice of Germany' als Sprangbriet genotzt a koumen mat hirem Parrain, dem Nico Santos, op Plaz 3 vun der Castingshow. Am Moment dréint sech hir Museksrichtung an op deem neien Album 'Two spoons sugar' héiert ee méi Indie a manner Pop-Rock. Eng Panoplie vun hirer kompletter Bandbreet an der Musek gëtt et dëse Samschdeg zu Diddeleng, wou si nieft Cali, Maxïmo Park a Schëppe Siwen optrieden.

De Fotograf Christophe Sauber ka mat Hëllef vun Dronen aussergewéinlech Biller realiséieren. Seng éischt Fotoen huet hien als Kand geknipst, deemools nach mat engem méi bescheidenen Apparat. Fir d'Kommunioun gouf et eng besser Kamera, du koumen d'Handyen an elo huet hie festgestallt, dass Drone méi wéi en Hobby gi sinn. Op Instagram a Facebook kann ee reegelméisseg seng Biller a Filmer entdecken awer och op Expoe kann ee sech vum Talent iwwerzeegen. Zum Beispill op Nationalfeierdag zu Lellgen bei Wëlwerwolz um 'Open Air Konstfestival'.

© Christophe Sauber
D'First Lego League huet d'Schüler aus der 'Lenkeschléi' bis op Kapstadt bruecht. Zanter 4 Joer maache si mat, an no enger 2. Plaz d'lescht Joer ass dëst Joer eng 3. Plaz erausgesprongen, wat hire Bong fir Antwerpen bei der Finall vun der BeLux war, an do ass alles sou gutt gelaf, dass si am Mee aacht Deeg op Kapstadt ware fir d'Lëtzebuerger Faarwen beim 'Open Africa Championship' ze vertrieden. Gefrot ass eng Mëschung aus Wëssenschaft, Technik, Konscht a Mathé an do brauchen d'Lenkids ronderëm de Marc Ewerling sech net ze verstoppen.
