Cathy Moes, Lillie Schmit, Luca Turci a Max Feller
Dës Woch geet et ëm Danz, Musek, Oldtimeren a Museksmécher.
D'Choreographin Cathy Moes freet sech op 6 Showen, an där all Kéier 350 Dänzer op der Bün stinn. D'Cathy, dat säin 'Bachelor of Arts' zu New York gemaach huet, huet 2018 d'Danzschoul vu senger Mamm Li Marteling iwwerholl. Keng einfach Tâche an zimmlech grouss Schong, well d'Danzschoul gouf 1978 gegrënnt. Zanter 1981 gëtt et all 3 Joer den 'Just Dancing' eng spektakulär Show, wou ee Balllet, Jazz, Hip-Hop a Contemporary gesäit a feststellt mat wéi enger Begeeschterung, Energie a Freed déi jonk Dänzer hiren Dram liewen. www.cathymoes.lu

D'Sängerin Lillie Schmit huet d'Talent vu senger Mamm Marion Welter geierft a schafft un neier Musek. Studiosloft huet et scho fréi geschnoffelt a Reklammen opgeholl respektiv als Synchronspriecherin bei Kannerfilmer matgemaach. Als Teenager war d'Lillie Sängerin an der Punk/Rock Band 'The Red Lion' an rezent huet et bei der Band 'Chapter Two' matgesongen. Zwee eegen Lidder sinn schonn erauskomm 'If you would go away' an 'Never regret', a sangen bleift och weider en Deel vum Liewen. www.facebook.com/people/Lillie-Schmit

De Luca Turci ass en Autosgeck an huet sech mat der Mille Miglia e Kandheetsdram erfëllt. Vum 17-21. Juni ass hien zesumme mam Marc Rollinger bei där prestigiéiser Oldtimerrallye un den Depart gaangen. An engem Ferrari 225 S Spider Vignale aus dem Joer 1952 goung et duerch italieenesch Stied an Dierfer. Vill Emotiounen hu matgespillt och wann et herno keng vun den éischte Plazen gouf. Mam Luca waren dëst Joer nach 4 aner Lëtzebuerger Equipagen ugemellt an hunn eng spannend Zäit erlieft. www.eaudepetrole.com

De Max Feller geeschtert mat verréckten Interviewen an ausgefalener Musek op Instagram. 2024 huet de Max Fellinger dëse Projet entwéckelt, fir der Kultur hei am Land en eegne Stempel opzedrécken. Egal op et elo ongewéinlech Quizzen sinn oder Lidder a faarwegen Kostümer, de Max Feller huet eng Nisch fonnt. Musikalesch huet hien als éischt de Video 'Liewen am Minett' erausbruecht an dëse Freideg ass Weltpremière vun 'Autobunn Supergau' mam Max Feller an d'Museksmécher. www.instagram.com/maxfelleronline/
