Ëmmer méi grouss international Premium- a Luxusmarke fannen de Wee op Lëtzebuerg
Wann ee shoppe wëll goen hei am Land, dann zitt et vill Leit dohinner: d'Groussgaass an der Stad.
D'Vitrinne vun der beléiftster Akafsstrooss am Land hu sech an de leschte Joren ëmmer nees geännert. An och nach haut sti Commercen eidel. Ma eppes fält awer op, ëmmer méi grouss international Marken aus dem Premium- a Luxussecteur fannen de Wee an de Grand-Duché. Gëtt Lëtzebuerg Konkurrenz zu den zentraleuropäesche Moudestied wéi Paräis a Bréissel? Wéi einfach ass et fir d'Commerçanten, hire Buttek hei opzemaachen an déi richteg Clientèle ze fannen? Wat sinn d'Erausfuerderungen a wou steiert d'Stad Lëtzebuerg als Shopping-Haaptstad hin?
Ëmmer nees gesäit een an de leschte Méint, dass nei Butteker hir Dieren opmaachen an der Uewerstad. Dorënner vill Marken aus dem Haut de Gamme. Meeschtens net direkt bedriwwe vun der Mark, mee duerch Handelsvertrieder hei am Land.
D'Famill vum Robert Goeres ass schonn zanter Joerzéngten am Luxusaueren-Geschäft. Viru Kuerzem hu si e weidere Buttek opgemaach an der Stad. Dëst Kéier ass et den éischte Flagship-Store an de Beneluxlänner, an dee soll domadder de Standuert Lëtzebuerg stäerke vis-a-vis vum Schwäizer Fournisseur. An et géing een och bei der Clientèle bemierken, dass dës Produite gefrot sinn. Vill lokal Leit, ma och Shoppingbegeeschterter aus der Groussregioun zitt et an d'Stad. An dat bréngt net nëmme Sue fir de Commerce, mee och fir d'Restauranten an der Stad. Den Tram wier e weidere wichtege Facteur, deen dozou géing bäidroen, dass et méi einfach ass, an d‘Groussgaass ze kommen. Ma de Probleem mat de Parkplaze géif awer nach ëmmer bestoen.
E puer Meter weider hunn de Claude Wagner a seng d'Duechter Camille de Buttek Natan opgemaach. Déi belsch Mark ass virun allem bekannt, well se Kinnekshaiser akleet a vill Leit dofir bis op Paräis an op Bréissel misste fueren. Et wier eng Demande ze spiere gewiescht an zanterdeem de Buttek am Mäerz opgemaach hätt, hätt een och direkt gemierkt, dass een e gudde Choix gemaach hätt, och wann ee virun Erausfuerderunge steet. Den Index géing et engem net sou einfach maachen an och d‘Loyere wieren héich. En Denkustouss fir d'Proprietären, fir och jonken Entrepreneuren eng Chance ze ginn. Duerch d‘Inflatioun géifen d'Clienten och éischter an de Solde kafe kommen an dat misst een dann och a sengem Businessplang mat arechnen.
D'Galeries Lafayette sinn zanter 2019 zu Lëtzebuerg. Fir si war kloer, dass dat Gebai am Zentrum vun der Stad géif bei de franséische Grupp passen. Si bidde Premium-Marken un, déi souwuel déi lokal Clientèle, déi jo scho ganz multikulturell ass, wéi och déi international Gäscht soll bedéngen. Mee dat wier awer ëmmer nees en Challenge fir de Choix vun de Produiten, déi si ubidden. Bis elo hätt ee sech awer gutt geschloen an d'Decisioun an de Grand-Duché ze kommen, wier fir si déi richteg gewiescht.