Claude Schiltz, Ben Krux, Sam Weyland a Robert Medjugorac
Dës Woch geet et ëm d'e grousst internationaalt Treffen, ëm véierriedereg Maschinnen an ëm Garçonen, déi lafen.
De Claude Schiltz verréit ongär, wéi eng Aufgabe bei "5xBeringen" gemaach ginn. Si organiséieren de Weekend vum 18. bis den 20. Juli hiert grousst Internationaalt Treffen, wou am Mëttelpunkt déi grouss "Spiller ouni Grenzen" stinn. 1975 gouf de Veräin offiziell zu Lëtzebuerg gegrënnt, déi sech zanterhier all 3 Joer ënnertenee moossen. Antëscht gëtt et souguer siwen Uertschafte mam Numm Be(h)ringen aus Däitschland, der Schwäiz, der Belsch, Holland an natierlech Lëtzebuerg, déi sech reegelméisseg an enger anerer Uertschaft mam selwechten Numm begéinen.

DeBen Krux huet vill Sand a sengem Land Rover vum Rallye Breslau mat Heem bruecht.
Siwen Deeg war hie mat senger Ekipp ënnerwee an net nëmmen den Auto huet am Bulli gelidden. Et war eng flott Experienz, wou och net alles um Auto ganz bliwwen ass, awer d'Techniker waren op Zack am Reparéieren, wann emol e Loftusaugschlauch oder en Uelegtank en panne gefall ass. De Car Wash hat genuch ze dinn an de Copilot war gefrot, fir nëmme keng Kéier bis bei d'Arrivée z'iwwersinn.

De Sam Weyland genéisst et, mat sengem Dragster op eng Podiumsplaz ze fueren. Genee wéi déi aner Membere vun der Famill ass hien autosverréckt an huet Bensinn am Blutt. Egal ob Motocross, Rallye, Biergcourse oder Slalom, Haaptsaach Motorsport. D'Fra Carole an d'Kanner Yannis a Loris gi Gas an hoffen reegelméisseg op gutt Resultater. Si sinn meeschtens zesummen ënnerwee a mat 3 Autoen sinn si um Limitt ukomm fir sech ëm d'Autoen ze këmmeren an se hin an hier ze transportéieren.

Beim Robert Medjugorac zu Esch-Sauer ass alles prett fir d'Garçonscourse mat Promilaf. Dëse Samschdeg stinn ënnert anerem d'Ministere Martine Hansen an den Eric Thill zu Esch-Sauer um Depart, nieft den Deputéierte Ben Polidori a Jean-Paul Schaaf souwéi dem Tessy Antony De Nassau. Géint 17 Auer musse si de Plateau ouni Feeler balancéieren, nodeem um 14 Auer d'Kanner hinne scho gewisen hunn, wéi et geet an duerno déi Erwuessen hiert Bescht ginn.
