Um Radio ze schwätzen ass däi groussen Dram? Du wollts schonn ëmmer eemol hannert dem Mikro stoen an als Freelance bei RTL mat schaffen? Da komm op ee vun eise Summer Casting Rendez-vousen a villäicht bass du jo eis nächst grouss Stëmm!

Wat erwaart dech?

  • Komm bei eisen RTL Van a schreif dech bei eisem Team an
  • Waart bis däin Numm opgeruff gëtt
  • Da kënns du an eise Mobille Studio an eist Team wäert dir e puer Aufgaben ze maache ginn
  • Bréng ganz vill gutt Laun a Motivatioun matt!

Mir freeën eis op dech!