Naturverwaltung confirméiertAm Raum Wëntger gouf e Wollef nogewisen

RTL Lëtzebuerg
Fënnef Schof sinn Enn Februar op enger Wiss am Raum Wëntger gerass ginn. Zwee Déiere goufe blesséiert. Elo steet der Naturverwaltung no fest - et war e Wollef.
Zanter 2017 sinn ëmmer nees eenzel Déieren am Grand-Duché nogewise ginn.
© AFP

Experte vun der Naturverwaltung hate scho fréi de Verdacht, e Wollef kéint schold sinn, well genee dat no enger Analys vun de Rëss net konnt ausgeschloss ginn. Et goufe Prouwe vun den doudege Schof geholl a fir genetesch Analysen an de Labo geschéckt. Antëscht sinn d’Resultater do an déi weisen effektiv, datt e Wollef seng Zänn am Spill hat. Ob d’Déier elo weidergezunn ass oder nach am Land ass, ass allerdéngs net gewosst, heescht et an enger Matdeelung vun der Naturverwaltung en Donneschdeg am Nomëtteg.

Lëtzebuerg huet kee Ruddel, dat sech fest hei néiergelooss huet, ma zanter 2017 sinn ëmmer nees eenzel Déieren am Grand-Duché nogewise ginn. An der Groussregioun ass zum Beispill ee Ruddel am Hohen Fenn ënnerwee, ma och an de belschen Ardennen an an der däitscher Äifel ginn ëmmer nees Wëllef nogewisen. D’Déiere sinn an der Reegel mënscheschei, ma dat heescht net, datt Mënsch a Wollef ni openeen treffen. Wéi een an deem Fall richteg reagéiert, kënnt Dir hei noliesen.

Wien Hiweiser op eng méiglech Presenz vu Wëllef ka ginn, ass iwwerdeems gebieden, sech direkt bei der Naturverwaltung ze mellen (wolf@anf.etat.lu), déi sech ëm de Monitoring këmmert.

Back to Top
CIM LOGO