En Dënschdeg huet d'Ausstellung "Salon 2025" vum Cercle Artistique de Luxembourg (CAL) groussherzogleche Besuch kritt.

Fir de Mount vun der zäitgenëssescher Konscht war d'Grande-Duchesse Stéphanie op Besuch beim CAL am Centre Culturel Tramschapp, fir sech en Androck vum "Salon 2025" ze maachen. Eng Ausstellung, bei där d'Neiegkeete vun der zäitgenëssescher Konscht ze kucke sinn. D'Grande-Duchesse hätt sech "beandrockt gewise vun den originellen a couragéierte Wierker", déi vun enger internationaler Jury erausgewielt goufen. Sou heescht et vun der Cour Grand-Ducale op Facebook.