Nom zivile Mariage war et d'Jo-Wuert an der Kathedral

© Cour grand-ducale / Christian Aschman
Den Ierfgroussherzog Guillaume an d'Prinzessin Stéphanie hu sech an der Kathedral an der Stad d'Jo-Wuert ginn.
Nodeems déi ronn 270 Lëtzebuerger Gäscht an der Kathedral Plaz geholl hunn, war et un den Invitéen hir grouss Entrée ze maachen. Um 10 Auer sinn d'Dieren vun der Kathedral opgaang. Nieft de villen Invitéë ware jo och d'Lëtzebuerger Autoritéiten all invitéiert, fir un der Mass Deel ze huelen zesumme mat de Frënn vun der Koppel. Duerch d'Zeremonie huet den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich gefouert, dee sech ganz besonnesch op de groussen Dag freet huet, wéi hie jo scho bei der Verlobung verroden hat.



Fir Musek war an der Kathedral natierlech och gesuergt, deels vun der Militärmusek, deels vum Orchestre de Musique de chambre an natierlech de Paul Breisch hannert der Uergel.

Ugefaange gouf d'Zeremonie um 11 Auer, iwwregens mat enger Gedenkminutt un déi verstuerwe Mamm vun der Comtesse Stéphanie de Lannoy. Wéi si jo schonn am Interview verroden hat wäert si och deen Dag de Verlobungsrank vun hirer Mamm droen.
Um 11.50 Auer hu sech den Ierfgroussherzog Guillaume an d'Prinzessin Stéphanie d'Jo-Wuert ginn.


Bis zirka 12.45 Auer huet d'Zeremonie dann am Ganzen gedauert. Um 13.30 huet d'Koppel sech um Balcon vum Palais gekusst.


Um 20.15 Auer gëtt vun den Dräi Eechelen ee Freedefeier ofgeschoss, datt eng Véierelstonn dauert. D'Koppel suivéiert dëse Spektakel virum Gebäi vum Staatsrot beim Bock. Direkt dono sinn et um Knuedeler d'Concerten vun der belscher Sängerin Selah Sue an der Lëtzebuerger Formatioun Funky P. An all de Caféen a Bistroten an der Stad ass Fräi Nuecht.