Eng franséisch Etude huet ronn 5.200 Kanner an hiert Verhalen ënner d'Lupp geholl an Erstaunleches erausfonnt.

Kanner, déi scho während der Schwangerschaft an an den éischte Méint no hirer Gebuert dem bloen Damp ausgesat waren, géife ganz ënnerschiddlech Verhalensmuster opweisen, sou déi Responsabel vun der Etude Isabella Annesi-Maesano. Dat kéint vun Aggressiounen, iwwer d'net folleche wëllen bis bei schwéiert Léie goen.

De Fuerscher no, géifen 18% vun de Kanner aus Fëmmer-Familljen en opfällegt Verhale weisen. Bei Kanner aus Familljen an deenen net gefëmmt gëtt, wären et just 9.7%. Deemno wär de Risiko duebel esou grouss.

E méigleche Grond wär déi gëfteg Wierkung vum Nikotin op d'Entwécklung vum Gehir bei Puppelcher a klenge Kanner.

Fir d'Etude ass den Elteren - vun an der Moyenne 10 Joer ale Kanner - e Questionnaire geschéckt ginn, an deem si Froen iwwer d'Verhale vun hire Kanner sollte beäntweren.