Charcuterie soll deelweis fir Daarmkriibs responsabel sinn
Verschaffte Fleeschprodukter wéi Ham a Wurscht sollen der WHO no matresponsabel fir d'Entwécklung vun Daarmkriibs sinn.
Dëst wär "wahrscheinlech" och de Fall bei roudem Fleesch, sou déi international Agence fir Kriibsfuerschung vun der WHO. D'Resultater vun der Etude géifen d'Ernährungsrotschéi confirméieren, datt een de Fleeschkonsum soll a Grenzen halen, sou den IARC-Direkter Christopher Wild.
Am Kader vun der Etude hunn d'Wëssenschaftler sech op Resultater aus iwwer 800 Studie baséiert, déi de méiglechen Zesummenhang tëscht Fleeschkonsum a Kriibsrisiko analyséiert hunn. Der Agence no ass den individuelle Risiko vun enger Kriibserkrankung duerch Charcuterie kleng, ma e géif awer mat der Quantitéit klammen.
All Portioun iwwer 50 Gramm, déi eng Persoun pro Dag ësst, léisst den Daarmkriibsrisiko ëm 18 Prozent klammen.