Bal sou schwéier wéi dat eegent Kierpergewiicht

De Gurmeet Singh ass zënter laanger Zäit u säi Bett gefesselt, well de risegen Tumor u sengem Been d'Opstoe bal onméiglech mécht.
Den Tumor vu 55 Kilo ass an der Geschicht vun der Medezin, de schwéiersten Tumor, dee jeemools registréiert gouf. 4 Stonne gouf de 26 Joer ale Patient zu New Delhi am Spidol operéiert. No der Operatioun huet de jonke Mann nach just 37 Kilo gewien.
De Gurmeet Singh huet zwar säi ganzt rietst Bee verluer, mä trotzdem ass en no der Operatioun frou. 4 Joer laang loung den Inder just nach am Bett, konnt sech mol net ouni Hëllef dréinen. Och wann hien elo Krätschen hätt, kéint hien elo endlech nees opstoen a sech fräi bewegen.
D'Doktere wëllen dem jonke Mann dann elo och esou séier wéi méiglech eng Prothees besuergen.