D'Mënsche sinn ouni Facebook méi zefridden

De Verzicht op Facebook mécht glécklech! Dat ass d'Resultat vun enger Etude duerch dänesch Fuerscher mat 1095 Participanten.
Beim Test huet déi eng Halschent vun de Participanten eng Woch laang op Facebook verzicht, déi aner Halschent huet dat soziaalt Netzwierk wéi gewinnt weider benotzt.
No 7 Deeg huet den Offline-Grupp sech däitlech méi zefridden an ausgeglach gefillt. Si ware méi konzentréiert a manner gestresst, donieft ware si och mat hire soziale Kontakter däitlech méi zefridden, wéi d'Memberen aus dem Vergläichsgrupp.
Och wa vläicht vill Leit elo denken, dass dat Resultat eigentlech keng Iwwerraschung ass, hunn d'Fuerscher sech dat net erewaart. "D'Resultat huet eis iwwerrascht", sou de Meik Wiking, Leader vum Happiness Research Institute zu Kopenhagen. Tëscht deenen 2 Gruppen wiere ganz däitlech Ënnerscheeder ze erkenne gewiescht. A sämtleche Beräicher hätten déi Leit ouni Facebook no nëmmen 7 Deeg eng kloer Verbesserung an hirer Liewensqualitéit bemierkt.