An der Belsch gëtt den Ament iwwer d'Mayonnaise gestridden. D'Flammänner an d'Wallounen si sech awer dës Kéier eens, mä si streide mat de Produzenten.

Zanter Joerzéngten ass an der Belsch genee festgeluecht wat an der Mayonnaise ass: nämlech op d'mannst 80% Fett an op d'mannst 7,5% Eegiel. Ass manner Fett dran, däerf ee se net méi Mayonnaise nennen, mä just nach „Dressing“.

Am Ausland ass dat anescht. Franséisch an däitsch Produzenten hunn do vill méi fräi Hand an dat wëll déi belsch Industrie och kréien.

D'Regierung huet scho reagéiert an eng Vermëttlungskommissioun agesat.

D'Industrie behaapt, et giff ëm kee Fall drëm goen, keng „traditionell belsch Mayonnaise“ méi ze produzéieren, mä déi soll dann och sou heeschen an den aktuellen „Dressing“ soll een dierfen normal „Mayonnaise“ nennen. En Upgrade also.

Een Argument war och, datt Mayonnaise mat manner Fett jo och besser wär fir d'Gesondheet. Mä Mayonnaise wär ni gesond, awer lecker, konteren d'Géigner vun der Light-Versioun.