Sabrina Gerard schwätzt iwwer eng Krankheet mat Däiwelskrees
Bekannt ass d'Sabrina Gérard zanter "The Voice" och ausserhalb vu Lëtzebuerg. Hannert der jonker Sängerin stécht méi wéi nëmmen eng aussergewéinlech Stëmm.
„De Begrëff „Iessstéierung“ beschreift eng psychesch Verhalensstéierung, bei der di Betraffen sech permanent gedanklech an emotional mat dem Thema „Iessen“ ausernee setzen. Der däitscher Bundeszentrale für gesundheitliche Aufklärung no war 2013 all fënnefte Jugendlechen ufälleg fir Iessstéierungen. Zu Lëtzebuerg gëtt et keng ëmfaassent Aschätzungen, ma well si zu der Risikogrupp gehéieren, gëtt d’Gewiichtsentwécklung vun de Schüler regelméisseg vun der médecine scolaire observéiert a festgehalen. Vun den 18’000 Jugendlechen di am Schouljoer 2013/2014 ënnersicht goufen, si 14 Schüler vun den 2ème an 11èmes-Klasse gebiede ginn, sech wéint dem Verdacht op eng Iessstéierung un e Psychiater oder Psychotherapeut ze wenden. D’Magersucht (Anorexia nervosa) ass eng vun den heefegsten Iessstéierungen an zeechent sech duerch en absiichtleche Gewiichtsverloscht aus, dee keen Enn fënnt, well di Betraffen e gestéiert Kierpergefill hunn an sech onofhängeg vun hirem Gewiicht ëmmer als ze déck gesinn. D’Sabrina Gérard wat duerch “The voice of Germany” bekannt ginn ass, huet iwwer zwee Joer mat der Krankheet gekämpft. Mat eis schwätzt hatt ganz oppen iwwert dës Zäit an doriwwer, wéi et dem Däiwelskrees entkomme konnt“