Firwat "ouni Soutien" einfach besser ass ...

De richtege Soutien ze fannen, ass net einfach. E muss schéin a bequem sinn an och nach richteg sëtzen. Ma ouni ass heiansdo nach besser ...
Franséisch Sport-Medeziner hunn elo am Kader vun enger Etude erausfonnt, datt d'Droe vun engem Soutien de Fraen net onbedéngt e Gefale mécht. Iwwer 15 Joer huet de Jean-Denis Rouillon vun der Universitéit vun der Franche-Compté zu Besançon Frae mat - an ouni - Soutien am Alter tëscht 18 a 25 Joer observéiert. Säi Fazit: Fraen, déi kee Soutien undinn, hu méi schéi Brëscht.
D'Erklärung ass simpel: Fraen, deenen hir Brëscht keng Ënnerstëtzung hunn, entwéckele selwer méi Tissu, deen hir Brëscht stäipt. Doduerch halen hir Brëscht sech op natierlech Manéier selwer besser. Mat der Zäit hunn d'Broschtwaarze sech esouguer ëm 7mm pro Joer gehuewen. D'Brëscht si méi fest ginn an Dehnungssträife si verschwonnen. Verschidde Fraen hunn esouguer gesot, datt si ouni Soutien manner Problemer mam Réck haten.
Fraen, déi zënter Joren all Dag e Soutien unhunn, sollten awer net vun haut op muer komplett domat ophalen. Mä vun Zäit zu Zäit eng Paus domat ze maachen, kann näischt schueden ...