An Zukunft nëmme mat Erlaabnis vun der Fra?
De Staat mëscht sech a Saachen Ofdreiwung vill ze vill an, seet eng amerikanesch Politikerin. Si kontert elo mat enger neier Regelung fir Viagra.
Viagra op Rezept an och nëmme fir bestuete Männer, wa se virdrun hir Fraen ëm Erlaabnis gefrot hunn? Wéi "Die Welt" mellt, wier dat d'Fuerderung vun der demokratescher Politikerin Mary Lou Marzian aus Kentucky. Si hätt es genuch domat, datt Männer de Frae virschreiwe kënnen, wann et ëm hir Gesondheet geet. Da wier et och emol un der Zäit, de Spiiss ëmzedréinen, sou déi 61 Joer al Politikerin.
Konkret proposéiert si an hirem Gesetzesentworf, dass Männer zweemol bei den Dokter musse goen, ier se e Medikament géint Erektiounsstéierunge verschriwwen dierfe kréien. Donieft sollen och just bestuete Männer Viagra kréien, nodeems d'Fra accordéiert huet an de Mann op d'Bibel schwiert, dass hien d'Medikament nëmmen hëlt, wann hie sexuelle Kontakt mat senger Partnerin huet.
De Grond fir dës duerchaus ironesch gemengten Attack op d'Würd vum Mann, si verschidde Gesetzesännerungen am Repräsentantenhaus vu Kentucky zum Thema Ofdreiwung. Do gëtt der Fraen ënner anerem gesetzlech virgeschriwwen, 24 Stonnen virun der Ofdreiwung nach eng Kéier bei den Dokter ze goen. Geplangt ass och, dass déi concernéiert Fraen per Ultraschall mussen ënnersicht ginn.
Am amerikanesche Gesondheetssystem bedeit dat, dass op d'Patientin héich Käschten duerkommen. A genee sou ass et och geduecht: Wann eng Ofdreiwung ze deier gëtt, wäerte vill Frae sech dëse Schratt nach emol iwwerleeën.
De Gouverneur vu Kentucky, Matt Bevin, huet sech wéinst dëse Gesetzesännerunge schonn e fatzegen Shitstorm op Twitter agefaang.
Der Politikerin hir Propositioun huet zwar keng Chance ëmgesat ze ginn, ma un Opmierksamkeet feelt et bei dëser Aktioun net. Net nëmmen an den USA gëtt iwwert d'Viagra-Reglementatioun diskutéiert.