Emotionale Schock kann Häerzinfarkt ausléisen

© AFP
Gléck an Trauer leien dacks no beieneen, wéi no, huet elo eng Etude festgestallt. Eppes hu se op alle Fall gemeinsam: et kann en Häerzinfarkt ausléisen.
Gléck kann enger neier Etude no Häerzer briechen: Zum Beispill kann d'Gebuert vun engem Kand oder eng gréisser Victoire, u sech absolut glécklech Evenementer, e geféierlechen Zoustand ausléisen, dat sougenannte "gebrachent Häerz-Syndrom". Dat geet aus engem Bericht ervir, deen Dokteren a Fuerscher en Donneschdeg publizéiert hunn.
Beim Takotsubo-Syndrom gëtt den Häerzmuskel op ee Coup geschwächt, wouduerch déi lénks Häerzkammer iwwerméisseg u Volumen gewënnt. Nieft akuter Péng an der Broscht an Otemproblemer, kann dat och zu engem Häerzinfarkt an zum Doud féieren.
Scho méi laang ass bekannt, dass e plëtzlechen emotionale Schock, an der Regel eppes Traumatesches wéi den Doud vun engem léiwe Mënsch, en Häerzinfarkt ausléise kann. Nach net sou bekannt ass de Fait, dass e Glécksmoment dee selwechten Effekt huet.
Zwee Fuerscher vun der Uniklinik Zürich hunn 2011 ugefaang Donnéeën doriwwer ze sammelen. Elo, 5 Joer méi spéit, hu 25 Kliniken a 9 Länner statistescht Donnéeë vun 1750 Takotsubo-Fäll enregistréiert.
Deemno war en emotionale Schock a 485 Fäll fir d'Syndrom responsabel, dovu ware 4% no engem Glécksmoment, awer keen déidlech. Aus bis ewell onbekannte Grënn war de Groussdeel vun de betraffene Leit, bei glécklechen an onglécklechen Evenementer, Fraen.