An Dänemark sinn d'Leit am glécklechsten, Lëtzebuerg Plaz 20

Wat Gléck bedeit a wat net, dorunner zerbriechen sech d'Philosophen zanter éiweg de Kapp.
Wéi eng Natioun ass déi glécklechst op der Welt? Alt nees ass et Dänemark, seet eng nei Etude, den neiste Weltglécks-Rapport vum Earth Institute vun der Columbia Universitéit. Lëtzebuerg läit op der 20. Plaz.
Hanner Dänemark kommen d'Schwäiz an Island. Direkt duerno sinn et Norwegen, Finnland, Kanada, Holland, Neiséiland, Australien a Schweden. All déi Länner waren och schonn d'lescht Joer an den Top 10.
Ganz hannen um Wupp leie Syrien, Afghanistan, Burundi, Togo an de Benin. Nëmme 5 vun de leschten 30 Plaze leien net an Afrika.
Fir dee Rapport vun de Vereenten Natioune ginn d'Date vun de Sozialsystemer an dem Aarbechtsmarché gekuckt an d'Leit selwer awer och gefrot.