Um Extraterrestial Highway op de Spuere vum Paul

Fir hiren Online-Shop vun amerikanesche Spezialitéite waren de Bob an den Daniel an de States. Hei hir Andréck, déi net ëmmer ganz eescht gemengt sinn ...
An der Science-Fiction-Comedy „Paul“, déi zur Zäit och bei eis am Kino leeft, geet et ëm zwee Kollegen, gespillt vum Simon Pegg and Nick Frost, déi zesummen an den USA een Roadtrip maachen, an dobäi de groen Alien Paul begéinen. Fir net ze vill vun der Handlung ze verrode sief gesot, dass se dobäi och iwwert den „Extraterrestial Highway“ düsen, an an engem Café mam Numm „Lil'Ale'Inn“ Paus maachen. Wat vill Spectateuren allerdéngs net ahnen : dës Plaze gëtt et wierklech – an eis Kollege vun Americana.lu ware schon do … op der Sich nom Rezept fir de beschte Burger vum Universum!
Rachel läit ronn 150 Miles, oder knapp 3 Stonne, nërdlech vu Las Vegas, dem Honn hannen, matten an der Wüst vum Nevada, direkt nieft der Area 51, op der US375, och nach Extraterretrial Highway genannt. D'Uertschaft, déi méi engem Trailer-Park wéi engem Duerf gläicht, zielt knapps 100 Awunner, wouvunner der op d'mannst 10% permanent am Duerfcafé ronderëmlungeren, dem mëttlerweil weltbekannten „Lil'Ale'Inn“.
Fir op Rachel ze komme geet et vu Las Vegas aus fir d'éischt iwwer den Highway 93 bis op Crystal Springs. Hei ass déi läscht Geleeënheet um Wee fir ze Tanken … a wie bleift scho gär an der Wüst hänken ? Vun do geet et da vun der 93 erof op d'US375. Kuerz hannert dem Duerf fënnt sech rietserhand den Alien Research Center, een Hangar, mat engem risegen Alien virdrun. Et ass dat läscht Gebai wat ee bis Rachel zu Gesiicht wäert kréien. D'US375 ass an enger éischter Phase eng erstaunlech schmuel Biergstrooss mat ville schaarfe Kéieren. Hei mécht Autofuere richteg Spaass, besonnesch, well et kaum Verkéier gëtt. Wann een dësen éischten Deel bis hannert sech huet, geet et nach just riichtaus, op enger Strooss, déi bis an den Himmel geet. Lenks a riets sou wäit wéi d'A gesäit nëmme Stepps a Straicher, hei an do ee Kaktus … a vereenzelt een Trap Ranner ! Well opgepasst : d'US372 ass „Open Range“, wat heescht, dass een am Prinzip queesch duerch net ofgespaartent Farmland fiirt. Hei an do ginn dann och Weeër vun der Strooss of, déi bei wäit ofgeleeë Farme féieren.
Ee vun dëse Farmer huet seng Bréifkëscht op enger vun dëse Kräizungen opgestallt, sou dass de Postmann net all Dag déi 50 Miles extra bis bei d'Haus fuere muss. Well déi Bréifkëscht awer sou verluer a verlooss laanscht dës Strooss féiert, vun där eenzel Stëpsweeër och op d'Area 51 eropféieren, ass séier d'Legend vun der schwaarzer Bréifkëscht entstan, via déi geheim Message géifen ausgetosch ginn. Haut ass d'Këscht wäiss ugestrach, wat awer näischt dru geännert huet, dass se weider fir Konspiratiounstheorien gutt ass.
D'US372 féiert parallel laanscht d'Area 51, déi eigentlech en Deel vun der Nellis Airforce Base ass. Well hei deemno oft genuch allerhand Saachen duerch den Himmel fléien, déi vu ville Leit fir UFOe gehale ginn, an der Legend no op der Area 51 eng geheim Basis existéiert, op där d'USA mat ofgestierzen UFOen (zB deem vu Roswell) experimentéieren, an do souguer Aliens liewe sollen, heescht dëse Streech vun der Strooss och ganz offiziell den „Extraterrestrial Highway“. D'Area 51 selwer ass vun der Strooss aus net ze gesinn. Wien allerdéngs ee vun de besotene Weeër eropfiert, kennt no enger Zäit bei Schëlder, déi soen : „Restricted Area – No Trespassing - Photography is prohibited - Use of deadly force is authorized“. Wien trotzdem weiderfiert, dierft zimlech bal Bekanntschaft maache mat deene sougenannte schwaarze Pickupen, an de Security Guards vun der US Air Force. Anscheinend géifen déi nëmme ganz wéineg Spaass verstoen an wären och mat Touristen net méi frëndlech wéi mat afghaneschen Terroristen.

Rachel daucht zimlech onvermëttelt op der lénker Säit vun der Strooss op, a wien ze séier ënnerwee ass, kéint et bal verpassen. Et gëtt eng Tankstell déi meeschtens zou ass, an um Wupp vum Duerf, déi eenzeg Attraktioun : de Lil'Ale'Inn. Bannendran ass et eng skurril Mëschung tëscht Fouerbud, Spillhal, Musée, Souvenirsbuttek an Duerfcafé. De Comptoir ass laang, d'Leit si frëndlech, an sou setzt ee sech gär mat bäi, fir no där laanger Fahrt ee gudde Béierchen ze drénken, an eppes Klenges z'iessen. Wéi een et op dëser Plaz erwaarde kann, ass d'Spezialitéit vum Haus den „Alien Burger“. Eigentlech ass et een normale Cheeseburger, mä d'Zutate si frësch, d'Zooss ass lecker, an d'Fleesch ass genee richteg gebroden a gewierzt, sou dass et dëse Burger ouni Problem an eis Top 10 vun deene beschte Burger vun der Welt … an an dësem Fall vum Universum packt!
Fir komplett ze sinn sief awer och gesot dass Rachel nach 2 aner Attraktiounen ze bidden huet : eng al verloosse Minn, där hir Visite an all Sënn vum Wuert op eege Gefor ass, an dee gréisste KFC Logo vun der Welt. Deen ass sou grouss, dass een e just op Satellittebiller richteg erkenne kann. An da gëtt et nach eng 3. Attraktioun, déi een allerdéngs guer net gesäit : eng Zäitkapsel, déi d'Produzente vum Film „Independence Day“ 1996 beim „Lil'Alien'Inn“ vergruewen hunn.