Ënnerwee am Yucatan (I): Cancún, Tulum, Coba an Chichen Itza

Op ongeféier halwem Wee tëscht Cancún a Merida läit Chichen Itza, déi wuel bekanntste Maya-Stätt am Yucatán, an UNESCO-Weltkulturierfstéck.
Yucatán läit ideal tëscht der Karibik an dem Golf vu Mexico, an sou féiert eise Wee eis och vun där enger Küst op déi aner.
Bei Americana.lu, dem Lëtzebuerger Online-Shop fir amerikanesch Produiten, hunn se viru kuerzem decidéiert, och TexMex an original mexikanesch Produite mat an d'Sortiment ze huelen. Genee wéi d'Türken net nëmmen Döner iessen an d'Amerikaner net nëmmen Hamburger, konnt een unhuelen, dass och d'Mexikaner net nëmme Burritos iessen, a wann, dann net onbedéngt souer, wéi een se zu Lëtzebuerg ze kafe kritt. An dofir gouf et nëmmen eppes: Dohinner fléien an erausfannen, wat déi authentesch mexikanesch Kichen ass, wat dohannen da wierklech an der Kiche verschafft gëtt a bei de Leit op den Dësch kënnt, wat am Supermarché a beim Epicier an de Regaler steet a wat um Maart ugebuede gëtt. A wann ee schon dobäi ass … och nach ee Reesreportage matbréngen.
D'Legend wëll, dass d'Hallefinsel Yucatán hiren Numm engem historesche Mëssverständnis ze verdanken hätt: Op d'Fro vun de spuenesche Conquistadoren, wou si dann eigentlech dru wären hei, hätten déi lokal Indios op hirer Sprooch geäntwert: „Yucatán“ - wat souvill heesche géif ewéi: „Hä? - En Français?!“ Well haut keen déi Sprooch méi schwätzt, ass et natierlech schwéier festzestellen, ob un där Geschicht do och wierklech eppes drun ass. Haut gëtt op der Hallefinsel haaptsächlech Spuenesch geschwat, donieft nach e puer lokal Maya-Dialekter. Mat Englesch kënnt een op d'mannst an den Touristeregiounen relativ gutt zewee. Hei an do geet et och mat Lëtzebuergesch, wann een net ze séier schwätzt.
Yucatán läit ideal tëscht der Karibik an dem Golf vu Mexico, an sou féiert eise Wee eis och vun där enger Küst op déi aner. Wien a Yucatán Vakanz mécht, kënnt am Allgemengen um Flughafen vu Cancún un, am nordëstlechen Eck vun der Hallefinsel. Cancún selwer ass eng Touristestad vum Räissbried, wéi et der honnerte gëtt ronderëm d'Welt. An de 70er-Joere gegrënnt, zeechent se sech duerch eng iwweraus zweckméisseg Architektur aus, wou nëmme ganz wéineg Gebaier stilistesch erausstiechen. Wien am Dag gären op der Plage läit an Owes erausgeet, ass hei richteg, hätt awer net onbedéngt bis a Mexico komme missen. Wien et trotzdem gemaach huet, gëtt allerdéngs mat Nightclubs belount, déi hiresgläiche sichen. Eng Show, wéi een se zum Beispill am Coco Bongo Club erliewe kann, geet een och an anere Party-Héichbuerge wéi Ibiza oder Las Vegas laang sichen. Kee Wonner deemno, dass Cancún ënner amerikanesche Studente grad fir Spring-Break enorm beléift ass.
Eise Wee féiert eis schnell vu Cancún eraus op Tulum, ronn 130 km südlech. Anescht wéi ee vläit erwaarde kéint, sinn d'Stroossen a ganz Yucatán gutt ausgebaut, a generell och gutt beschëldert. Ee GPS ass hei kaum néideg, dofir awer een opmierksame Bléck op den Tachometer, well d'mexikanesch Police nawell oft mam Föhn laanscht d'Strooss steet.

Tulum ass ee vun deene seelene Maya-Siten, déi direkt um Mier leien. D'Tempelruin „El Castillo“ an den Templo del Mar gehéieren net ouni Grond zu deene beléifste Fotomotiver am Oste vu Yucatán. Wat am 15. Jorhonnert nach eng lieweg Stad war, erënnert haut éischter un ee Park, sou propper stinn déi eenzel Ruinen op der grénger Wiss. Leider ass et zu Tulum net méiglech, an déi eenzel Tempelen eranzegoen, oder och nëmme méi no erunzekommen. Wie méi een authentescht Erliefnis sicht - a léiwer manner Reesgruppe ronderëm sech wuselen huet - fiert besser nach eng Stonn weider, op Coba.
Coba ass eng vun deene Maya-Stätten, an deene fir de Visiteur nach ee bëssen sou eppes wéi een Indiana-Jones-Feeling opkomme kann. Mëtten am Urwald geleeën, gouf Coba réischt am spéiden 19. Joerhonnert rëmentdeckt, an ass och haut nach net komplett fräigeluecht. Zu senger Glanzzäit tëscht dem 6. an 9. Jorhonnert muss Coba eng Groussstad gewiescht sinn: Déi verschidde Gebaier, déi haut ze besichtege sinn, leien zum Deel Kilometeren auserneen. Dat faszinant ass, dass souguer eng 24 Meter héich Pyramid am dichte Bësch eréischt dann ze gesinn ass, wann ee quasi direkt virdru steet. Eng Visit vu Coba lount sech awer virun allem fir den Nohoch-Mul-Castillo, déi mat 42m héchste Pyramid an der Regioun, an eng vun deene raren, op déi een däerf ropklammen. Nodeems een 120 immens schmuel (d'Maya ware keng Grouss, an haten deemno och zimlech kleng Féiss!) a kromm Träplécken eropgeknéchelt ass, gëtt een, vun der ieweschter Plattform aus, héich iwwert de Bamkrounen, mat enger Vue belount, déi engem den Otem hëlt: 360° ronderëm, souwäit ee kucke kann, nëmmen Urwald.
Vu Cancún aus geet d'MEX 180 queesch duerch d'Hallefinsel bis op Merida. Déi éischt gréisser Uertschaft um Wee ass Valladolid, ee charmant Stiedchen am typesche Kolonialstil. Et rentéiert sech, hei eng Paus ze maachen, an op enger Terrasse laanscht d'Haaptplaz gemittlech ee lokale Béierchen (Corona, Sol, Dos Equis, …) ze drénken an e puer Tortilla Chips ze knabberen.
Op ongeféier halwem Wee tëscht Cancún a Merida läit Chichen Itza, déi wuel bekanntste Maya-Stätt am Yucatán, an UNESCO-Weltkulturierfstéck. Entspriechend vill Touristen trampelen hei iwwert de Site, ëmmer belagert vun honnerte lokale Klimpi-Händler. Wann een dem Erich vun Dänike gleewe kann, war Chichen Itza an säin imposanten Tempel vum Kukulkan scho virun Dausende vu Joer ee beléiftent Reesziel, allerdéngs fir Touriste vun anere Planéiten. Mat e bësse Phantasie kann een effektiv op munch engem Steerelief Astronauten erkennen, genee sou gutt awer och just Mayaen déi fir heiteg Verhältnisser e bëssen droleg verkleed sinn. Chichen Itza ass ausserdeem bekannt fir säi Stärenobservatoire, seng helleg Cenote (dat ass eng Zort grousst Waasserlach), wou an der Zäit allerlee Opfer dra versonk goufen, an natierlech säi Ballspill-Terrain. Dee Sport schéngt bei de Maya ähnlech beléift gewiescht ze sinn wéi bei eis de Foussball, just dass bei hinnen anscheinend déi Equipe, déi verluer huet, ee Kapp méi kuerz gemaach gouf.
Deel 2 an der nächster Sonndeszeitung (Ouschteren 2011).