Ënnerwee am Yucatan (II): Izamal, Mérida, Uxmal, Campeche

Bei Americana.lu, dem Lëtzebuerger Online-Shop fir amerikanesch Produiten, hunn se viru kuerzem decidéiert, och TexMex an original mexikanesch Produite mat an d'Sortiment ze huelen. An dofir gouf et nëmmen eppes: Dohinner fléien an erausfannen, wat déi authentesch mexikanesch Kichen ass, wat dohannen da wierklech an der Kiche verschafft gëtt a bei de Leit op den Dësch kënnt, wat am Supermarché a beim Epicier an de Regaler steet a wat um Maart ugebuede gëtt. A wann ee schon dobäi ass ... och nach ee Reesreportage matbréngen.
Déi wuel charmanteste Stad am Yucatán ass Campeche, um Golf vu Mexiko. Engem Lëtzebuerger dierft hei munches bekannt virkommen ...
Izamal ass eng schmock Klengstad am rengste spuenesche Kolonialstil, déi nach zimlech rezent, fir d'Geleeënheet vun der Visite vum Poopst Jean-Paul II., komplett renovéiert a giel ugestrach gouf. D'Stad ass traureg bekannt, well den Diego de Landa (1524–1579), sengerzäit Bëschof vum Yucatán, hei säin Haaptquartéier opgeschloen hat. Ee Mayahellegtum gouf (am richtege Sënn vum Wuert) platt gemaach, fir ee Franziskanerkonvent dropzebauen. Vun hei ausser huet den de Landa mat grausamen Äifer d'Missionéierung vun den Maya an d'Zerstéierung vun hirer Kultur weidergedriwwen. Haut geet et méi roueg zou, an d'Stad bitt vill Geleeënheeten, een Abléck an de mexikaneschen Alldag ze kréien, zum Beispill mat der Visite vun enger Tortilleria, enger traditioneller Bäckerei.
D'Haaptstad vum Yucatán, an nieft Cancún déi eenzeg wierklech Groussstad op der Hallefinsel, ass Mérida. D'Kathedral op der Plaza Mayor ass déi eelsten a ganz Nordamerika, och wann se fir de Rescht net wierklech speziell ass. Mérida ass bekannt fir seng vill gutt Restauranten, an deenen een déi lokal Platen zerwéiert kritt, déi sech erstaunlech vun där „traditioneller“ mexikanescher Kichen ofsetzen. Besonnesch hir „Sopa de Lima“ (Limonen-Zopp) ass onbedéngt der Wäert, probéiert ze ginn. Merida huet awer och soss vill ze bidden, a punkto Kultur, Architektur a souguer … Shopping. Anescht wéi zu Cancún fënnt sech hei zwar keen Outlet-Center mat den üblechen US-Marquen, dofir awer ee grousse Choix u Butteker mat lokale Produkter.
70 Kilometer vu Mérida läit d'Stiedche Becal. Wien sech fir Panamahitt interesséiert, kënnt net dolaanscht, hei Statioun ze maachen. Vun der Haaptplaz aus kann ee sech bequem mam „Vëlo-Taxi“ an eng vun de Manufakture féiere loossen, wou dës Hitt produzéiert ginn. Et sinn kleng Familljebetriber, an den Här vum Haus hëlt sech nach selwer Zäit, fir de Visiteuren ze weisen, wéi dës Hitt a stonnelaanger Handaarbecht fabrizéiert ginn.
Am selwechten Eck vun der Hallefinsel läit Uxmal, ee vun deene gréisste Maja-Siten an der Regioun. Erstaunlech vill Gebaier sinn hei erstaunlech gutt erhal, respektiv restauréiert (oft een Euphemismus fir „reconstruéiert“). Alleng schon de „Palais vum Gouverneur“ mat senge geometresche Reliefer op der Fassade, an d'„Piramide del Enano o Adivino“ mat hirem raren ovale Grondrëss sinn et derwäert, hei eng Visite anzeplangen.
Spuenesch Tiermercher
Déi wuel charmanteste Stad am Yucatán ass Campeche, um Golf vu Mexiko. Engem Lëtzebuerger dierft hei munches bekannt virkommen, besonnesch d'Reschter vun der Festungsmauer, mat hire spueneschen Tiirmercher, déi mer och vun eis aus der Stad kennen. Genee wéi eis Stad ass och Campeche vun der Unesco klasséiert ginn, an deementspriechend gutt renovéiert. Vun hirer fréierer Wichtegkeet als Hafestad ass net méi vill ze gesinn; souguer den Hafen ass kaum der Ried wäert, och wann een hei mat enger Replika vun engem Pirateschëff fir d'Iessen erausfuere kann.

D'Liewen zu Campeche ass gemittlech; souguer um traditionelle Maart, deen onbedéngt eng Visite wäert ass, ass ee wäit ewech vun der Hektik, déi ee soss vun enger Stad gewinnt ass. Campeche a seng vill Kierchen entdeckt een dofir am beschten zu Fouss: D'Weeër si relativ kuerz an et ass net vill Verkéier. Dat eenzegt, wourobber een oppasse muss, ass, net vum Trottoir ze falen: déi plazeweis bis zu engem Meter héich sinn ... een duerchaus skurrilen Detail!
Wien ëmmer nach net genuch Maya-Ruine gesinn huet, fënnt net wäit vu Campeche de Site vun Edzna, dee besonnesch owes een Ausfluch wäert ass, wann d'Haaptpyramid faarweg beliicht gëtt.