"Champing" – Camping an historesche Kierchen
De briteschen "Churches Conservation Trust" huet eng originell Iwwernuechtungsméiglechkeet entwéckelt ...
Ech sinn zu London op der Gare St-Pancras a lafen op den Zuch, dee mech op Canterbury brénge soll. Canterbury läit ewell um "Heemwee", wann een esou wëll, well den Dag drop wëll ech zu Dover nees mam Schëff op d'Festland eriwwersetzen. Enf Iwwernuechtung also nach, eng op enger ganz besonnescher Plaz ...
Zu Canterbury sichen ech d'Busgare, well ech muss an e Viruert, op Fordwich, eng 3 Meilen oder 5 Kilometer nordëstlech vum Stadkär. Dat mëttelalterlecht Canterbury ass berühmt fir seng impressionnant gotesch Kathedral an e Kierchenhaus zitt mech och op Fordwich.
De Bus léisst mech op der Haaptstrooss eraus, bis op Fordwich selwer ass et nach e bëssen ze trëppelen. Et ass eng roueg Géigend - very british, very nice.
Mol kee Kilometer hunn ech ze walken, dann dauchen Haiser op an e Schëld begréisst mech: FORDWICH - Britain's Smallest Town.
Hannert Gestrëpp a Beem erblécken ech e Kierchtuerm a peilen deen direkt un - a lande bei enger Plaz, wou e Geschir fir Kanu ze fuere geléint kritt, ma iwwert d'Baach, déi do leeft, kommen ech net. Also Demi-Tour a brav op der Strooss bliwwen.
Eng Bréckelche féiert iwwert de River Great Stour, derhannert de Pub "The George and Dragon", et geet ëm d'Kéier, e weidere Pub, "Forwich Arms", da sinn ech richteg, well dat, wat ech sichen, ass direkt do derbäi: déi al Kierch vu Fordwich.
An der St Mary the Virgin zu Fordwich kann een nämlech schlofen. Nee, net während eng Priedegt, et kann ee richteg dran iwwernuechten. E bësse wéi an engem Hotel an awer ganz anescht!

"Champen" nennt sech dat an den Iwwerbegrëff CHAMPING ass zesummegesat aus "Camping" an "Church", englesch fir Kierch, also "Campéieren an enger Kierch".
Déi kleng Kierch, déi op d'11. an 12. Joerhonnert zeréckgeet huet 1995 hir Dieren als Kierch zougemaach, 1996 goung se an e Fong, den "Churches Conservation Trust", iwwer. An elo kann ee se net nëmme besichtegen, et kann een och an hir schlofen!
Eng 330 Gotteshaiser gehéieren dem Trust, 12 huet en der fir Champing opgemaach. Iwwer Internet kann ee sech Iwwernuechtungen an deenen ale Gebaier buchen. A ville kann een zu méi Persounen iwwernuechten, ma eng Kierch huet een ëmmer fir sech eleng, et kënnen also net nach anerer do schlofen.

Bei de Kierchen handelt et sech ëm Gebaier, déi net méi gebraucht gi fir reegelméisseg Massen - ma se bleiwe geweiht, also consacréiert ... an heiansdo ginn dann do och nach Massen zelebréiert!

An och wann den englesche Kierche-Fong e Faibel fir al Gebaier huet, e presentéiert sech ganz modern: Gebucht gëtt via Internet, da kritt een e Code, mat deem kann een eng Këscht nieft der Entréesdier opmaachen an dora fënnt een dann de Schlëssel fir a seng Kierch eran.
Déi vu Fordwich, déi presentéiert sech esou, wéi een et vun enger aler klenger Kierch erwaart: "Church Open" steet un der Paart, ech maachen déi op a sti praktesch op engem Kierfecht mat vill Natur - déi ideal Kuliss, wann ee sech wëll grujelen ... Zum Gléck ass et nach hell, da brauch kee vun der Famill ze fäerten. An et brauch een dann och nach Schlëssel, well dagsiwwer sinn d'Kierche fir Visitten op.

Déi zu Fordwich ass esouguer ganz beléift, net just, well se vill ale Charme huet, se läit och um Wee vum hellegen Augustinus an ass ënnert anerem bekannt fir e rätselhafte Steen, "The Fordwich Stone". Am Gëllene Buch si ganz rezent Noriichten dran.
Och soss wierkt d'Kierch belieft: Bänken, Gebietsbicher, Käerzen - am Fong ass nach alles do, wat zu enger Kierch gehéiert, wat ee fir eng Mass brauch.
Souguer e bësse méi ass an der St-Mary's elo ze fannen: Schlofplazen! Campingsgesteller mat Schlofsäck drop an eng Partie zezummeklappbar Stil am Säiteschëff, e Kuerf mat Gedrénks an Iesswueren, Waasser-Bobinnen an en hëlzent Haischen ... mat enger Toilette dran.
Wat ee wéi brauch a wëll, kann ee beim Buchen online klären: mat Breakfast oder ouni, mat Schlofsak oder ouni. Deementspriechend dann och d'Präisser:
39 Pond fir en Erwuessenen an der Woch, 49 um Weekend. 19 Pond fir Kanner, 10 Pond fir de Kaffi moies. A 25 Pond pro Persoun, wann ee z.B. och nach e Schlofsak wëll. (An déi sinn net vu Muttwëll, well an ale Kierche gëtt et nuets kal - et gëtt een net ëmsoss do virdru gewarnt!)
D'Suen, déi den Trust iwwert Champing erakritt, gi geholl, fir déi al Bausubstanzen ze erhalen. Wiem antik Kierchen um Häerz leien, dee ka se iwwert dee Wee ënnerstëtzen ... an emol anescht erliewen.
Ech kucke mer fir d'éischt d'Enceinte vun der klenger Kierch um Bord vum Waasser matten am Gréngs un - wéi aus dem Billerbuch! Bannen och - wien eng Kierch eemol esou erliewe wëll, fir deen ass Champing genee dat Richtegt ...
Mat wéi engen Erwaardungen een eng Nuecht an enger Kierch verbréngt, dat hänkt vu jidderengem selwer of. Et ass eng aussergewéinlech Location, ma ob déi och eng aussergewéinlech Nuecht versprécht? An engem Artikel an der "Zeit" hat en Auteur sech e bëssen enttäuscht gesot no enger Iwwernuechtung an enger Kierch - vläicht ass et esou gesinn besser, ouni ze vill konkret Erwaardungen sech dorop anzeloossen ... "Erliichtung" kann ee jo net erzwéngen ;-)
D'Champing-Equipe (déi ech just per Mail kennegeléiert hunn) encouragéiert d'Gäscht iwwregens, roueg eng Fläsch Wäin mat an d'Kierch ze huelen - also alles ganz onverkrampft ... trotzdeem geet et elo mol an de Pub. Prost!

PS A ville Länner an Europa gëtt sech d'Fro gestallt, wat ee mat Kierchen, déi net méi (vill) genotzt ginn, maache soll. An Holland hu se scho vill Äntwerten op déi Fro fonnt, vu Librairien iwwer Restauranten an Hotellen. A Groussbritannien hu se deen doucen Champing-Wee elo mol ageschloen, ma och do gëtt et nach aner Beispiller. Zu Lëtzebuerg ass déi fro nach net beäntwert. Am Kader vun der Kierch, déi zu Déifferdeng hat mussen ofgerappt ginn, hat den Äerzbëschof duerchblécke gelooss, datt e retizent ass, wat nei Affektatioune vu Gotteshaiser ugeet. Ma akut dierft déi Fro jo souwisou eréischt ginn, wann d'Verhältnis Kierch - Kierchefabricken - Gemengen - Staat kloer gekläert ass ...
