Trip ronderëm de Stauséi: 42 Kilometer ze Fouss an engem Dag
Wie frou ass mat Natur a Landschaft, deen ass hei gutt opgehuewen. An zum Schluss weess een dann och, firwat d'Sauer "Sauer" heescht ... Fotogalerie!
Säin Numm kléngt am Fong ganz harmlos: D'Nomenklatur gesäit vir, datt sech dësen nationale Wanderwee einfach "Circuit du Lac de la Haute-Sûre" nennt. Well dorëms geet et och, ronderëm de Stauséi! Hannendrun eng Zuel, déi net kleng ass an un e Marathon denke léisst: 42 km.
Bon, ech ginn zou, als typesche Bürosmënsch, dee seng Been just benotzt, fir bei de Kaffisautomat an op d'Toilette ze goen an déi richteg Natur eenzeg an eleng vum Héieresoe kennt, kéint dat e bëssi vill op ee Coup sinn, ma et ass jo "just" trëppelen a mäi Monni huet dee Wee och an engem Dag gemeeschtert - firwat also net? Ëmmerhin versprécht de Circuit laanscht de Stau e puer schéiner Andréck.

Verschidde Passagë loossen d'Häerzer vun de Randonneure méi héich schloen.
De leschte Samschdeg war et esou wäit! Mäi Monni, nenne mer e Pascal Reuland, well esou heescht e wierklech, ass mech um 7 Auer siche komm, du si mer an den Norde kutschéiert an um 10 vir 8 stounge mir prett um Parkplaz nieft der Staumauer vun Esch/Sauer: a lass!
D'Wieder war elo net terribel, et huet vill gefiselt, ma léiwer dat ewéi 30 Grad. Just mengen Turnschong ass d'Meteo net bekomm, ech war knapp vum Parking erof, dunn hu si ewell ugefaangen, Waasser ze sammelen an d'Strëmp hunn d'Fiichtegkeet mat Genoss opgesuckelt.

Vill Kéieren, dat gesäit een op der Kaart, a vill Op an Of, dat gesäit een net ... dat spiert een dann awer ëm esou méi (laang) ...
De Bléck virum Depart op e Schëld mat der Wanderkaart beim Parking huet dës Reiefolleg annoncéiert:
Vun der Staumauer goung et Richtung Lëlz (Lultzhausen), dann duerch Bommel (Bonnal) a weider Direktioun Ënsber (Insenborn). Duerno de Centre de découverte de la forêt Burfeld mat der nach relativ neier Aussiichtsplattform, erop op d'Strooss a bis op Ueschdref, erof op d'Misärsbréck an dann op där anerer Säit vum Séi nees hannescht Richtung Ausgaangspunkt. Ma opgepasst: Deen zweeten Deel ass e bësse méi laang a kënnt engem vill méi wäit vir ... Am Ufank geet et ënne laanscht de Séi, Bauschelt (Boulaide) a Baschelt (Baschleiden) gi lénks leie gelooss, dofir geet et dann awer erop bei de flotte Mirador Tempelskamp, dann nees erof an nees erop op Léifreg (Liefrange), duerch dat ee quasi ganz geet, da gëtt Kauneref (Kaundorf) nach gesträift an dann, jo da waart een drop, datt endlech déi h... Staumauer vun Esch/Sauer nees opdaucht.
E bëssen hannert der Misärsbréck erbléckt een och nach eng kleng Staumauer an éier et op Léifreg eropgeet, geet et och iwwer eng Staumauer mat enger eespureger Strooss drop - hei gëtt awer just e Säitenaarm gestaut - also net ze fréi freeën, et ass dann nach e Stéckelchen ...
De Séi ass, dat weess een an dat gesäit een och aus der Loft, e Séi mat enger zimlech onreegelméisseger Form - well eben net just een Dall geflut gouf, ma och sämtlech Säitendäller. Wann een also ronderëm de Séi wandere wëll, geet et alles ausser riicht. Bon, e puer riicht Stécker huet den offizielle Parcours schonn Opweises, heiansdo geet et iwwer eng Bréck a munchmol och laanscht eng Strooss. Dat mécht awer näischt, well de Wee ass wierklech ganz ofwiesselungsräich, mol um Bord vum Séi, mol um Flouer, mol am Bësch, also stänneg aner Ënnergrënn, mol op der Kopp, mol am Dall - dat mécht richteg Spaass!

Vun der Aussiichtsplattform beim "Burfeld".
Kritt een am Ufank zousätzlech nach e puer stenge Konschtwierker presentéiert, esou gëtt een als Trëppeler oder Wanderer déi ganzen Zäit iwwer mat wonnerbare Vuë bezirzt. Déi schéinst, déi dauchen awer eréischt ganz zum Schluss op, wann et scho richteg sauer ass ...

Ëmmer nees nei schéngt de Séi sech ze dréinen an ze kéieren ...
De Wee selwer ass am Fong net schwéier, e fänkt, wann een e vun der Staumauer aus esou geet, wéi d'Auer dréit, relativ gemälleg un a bis op d'Misärsbréck ass dat relativ easy ze maachen. (Déi Bréck huet hiren Numm esou gesinn net verdéngt.)
Wat engem bis dohin opfält: De Stand vum Waasser ass wierklech niddreg, op enger Aussiichtsplaz ass vun uewen eng grouss Wiss ze gesinn, déi schéi gréng ass ... bis engem bewosst gëtt, datt se normalerweis wuel ënner Waasser steet. Kloer ass op alle Fall, datt e puer Schliet net duerginn, fir de Stau nees ze fëllen. Mir brauche wuel e puer där richteg naasser Méint ...

D'Wiss lénks vum Waasser ass wuel bei normalem Peegelstand net ze gesinn ...
An nach eppes fält op: Déi vill Champignonen, déi iwwerall aus dem Buedem geschoss sinn, och um Wee - vun allen Zorten, an alle Formen a Faarwen, gëfteger a comestibler. Ma dat ass an dësen Deeg keng Eegenaart vum Stau, wéi dës zwou Fotoe beweisen. (Déi "Steinpilze" an "Hainbuchenröhrlinge" goufe vrun e puer Deeg an der Géigend vu Jonglënster gesammelt.)
De leschte Samschdeg war um Stauséi-Circuit net vill Trafic. Bis bei de Mirador an der Géigend Bauschelt-Baschelt hu mer kee Mënsch gesinn, duerno ass eis zwee-, dräimol e klenge Grupp entgéint komm - eemol esouguer ee mat Päerd!
Dat huet een dann zousätzlech motivéiert, well déi lescht 10, 12 Kilometer kënne richteg sauer sinn. D'Been si midd, d'Schong naass an op de Féiss manifestéiere sech déi éischt Bloderen. Dat kënnen da laang Metere ginn. De Floss, deen hei am Dall läit a rout wéi eng midd Schlaang, huet säin Numm esou gesinn net gestuel ...

Wéi eng midd Schlaang am Dall ...
... an awer ass ee frou, wann ee seng (hell) Faarf duerch d'Beem schimmere gesäit: Et weess een dann, dass een nach um richtege Wee ass, och wann deen zum Schluss ellen ustrengend ass, well en einfach net zu Enn komme wëll - ëmmer nach eng Kéier, ëmmer nach en Hiwwel erop an och nees erof ...

D'Waasser vum Séi schimmert duerch de Bësch.
An dann erbléckt ee se endlech: d'Staumauer vun Esch/Sauer! Zwar muss een nach e klengen Ëmwee aleeën, well den direkte Wee wéinst de Fielsen am Bësch ze géi wier, ma dann huet een et gepackt - e klengen Trëppelmarathon laanscht de Stau, deen engem op en Neits weist, wéi schéin eist Land ass. A vun deem een och nach méi laang huet ... wéinst Muskelkater a Blodere kann ech nach ëmmer net richteg goen.*
Nawell war et derwäert! :-)

Ukomm! De Wee ass "Mauer" :-)
* Sportler, Extremsportler, Wanderexperte w.e.g. net de Geck maachen ...

D'Symbol vun engem opgeschloene bloe Buch, vläicht fir béid Säite vum Séi ze symboliséieren, markéiert de Wee an dat bis op e puer kleng Ausnamen, wou een dann e bësse roden a siche muss, ganz gutt - zum Gléck huet de Pascal de Wee ewell kannt. Dankbar wier ee just (géint der Enn) fir heiansdo eng Indikatioun vun der Distanz ze kréien, mä bon, egal wéi muss een derduerch ...