Mega mëll zu Malacca: Haart Musek an haarde Kitsch!

Haaptsaach faarweg: Geuerdnete Chaos am Zentrum vu Malacca.
Et gëtt einfach Saachen, iwwer déi muss een direkt schreiwen - virun allem, wa se weder ze iwwersinn, nach ze iwwerhéieren an dann nach sou flott sinn ...
Okay, de Reesguide hat mech gewarnt: "Un lieu à découvrir à pied ou, pour le fun, à bord de l'un de ces kitschissimes trishaws enguirlandées de fleurs artificielles et crachant force décibels..." hat de Routard iwwer d'Stad Malacca a Malaysia geschriwwen. Déi läit tëscht Kuala Lumpur am Norden a Singapur am Süden, ongeféier an der Mëtt.
Touristen aus Europa oder Lëtzebuerg hu Malacca net onbedéngt op hirem Itineraire stoen, wa si an Asien ënnerwee sinn - nach net! Well Malacca oder Melaka, wéi se hei soen, ass alles anescht ewéi oninteressant an huet seng beschten Zäit wuel nach viru sech ...

Cheeeeeese!!! Iwwerall gesäit een zu Malacca Leit, déi Fotoe vu sech maachen oder maache loossen. De Selfie-Stick huet definitiv nach Héichkonjunktur an Asien!
... well d'Stad mat ronn enger hallwer Millioun Awunner schéngt nämlech richteg waakreg ze ginn a bitt och déi allerbeschte Viraussetzungen: Weltkulturierwe vun der Unesco, aus dem Patrimoine vu Malaysia net ewechzedenken, Aflëss aus Portugal, Holland, Groussbritannien an natierlech och Indonesien, Thailand, Indien a besonnesch China, e sëlleche Muséeën, och e puer nei Attraktiounen, eng Plage (déi allerdéngs nach net valoriséiert gëtt) a virun allem vill, vill Liewen. An asiatesche Länner schéngt Malacca dann och scho méi laang um Radar vun den Touristen ze stoen: Inder poséiere viru Ferrarien, Japaner promenéiere sech mat Prabbelien (wéinst der Sonn), Koreaner poséiere fir Souvenirsfotoen a Chinesen testen déi lokal Spezialitéiten. Als Europäer ass een hei definitiv an der Ënnerzuel!

Giel, blo, rosa - fir all Goût ass eppes derbäi!
Nieft allen Atoute vu Malacca stécht den Ament awer ee ganz mëllen eraus: Vëloe mat Seidekäerchen, fir doranner bis zu 3 Touristen ze transportéieren. Trishaw oder Tuk-Tuk vu Malacca gëtt dës Form vu Mobilité douce genannt ... déi awer fir A an Ouer awer net grad esou douce ass - d'Vëloe sinn nämlech ultra kitscheg dekoréiert (besonnesch beléift den Ament sinn Designen am Hello-Kitty- oder Pikachu- oder Disney-Frozen-Stil) an da gëtt, d'Smartphone maachen et méiglech, och nach Musek derbäi gespillt an zwar mega haart - de Renner hei: DESPACITO, wat soss!?! (Ma de Repertoire ass grouss a kann esou wuel der Origine wéi dem Alter vun de Gäscht ugepasst ginn.)
De Sammelpunkt fir déi kitscheg Gefierer ass matten am Zentrum vun der Stad, nieft dem Sungai Melaka (Floss, an deem och méi grouss Echse schwammen), bei der Christ Church an dem Stadhuys, direkt vis-à-vis vun Chinatown. Hei kann ee sech un de Kitschbomme satkucken a sathéieren ... oder sech einfach domat ronderëm chaufféiere loossen - en anodine Pleséier, deen een als Tourist gäre mathëlt an dee gutt an déi wibbeleg Stad passt - egal wéi mëll, geckeg, verréckt déi ganz Affär am Fong ass.
Et gëtt awer nach eppes, wat Malacca sympathesch mécht: Hei liewen eng Partie Relioune problemlos nieft- a mateneen! Et gëtt kathoulesch Kierchen, islamesch Moscheeën, chinesesch taoistesch-konfuzianistesch-buddhistesch Tempelen ...
... an dofir gëtt et weider Detailer iwwer Malacca an enger vun den nächste Sonndeszeitungen - awer eréischt no der Vakanz! :-)
BON VOYAGE - DESPACITO!

Den Auteur gesäit just nach rosa ... a wat en Iech soss nach ze soen huet, steet um Bauch vum Kitty nieft sengem Kapp ;-)

Eng Stèle fir den Held vu Malakka: de chineseschen Entdecker Cheng Ho, gebuer 1371. An d'Fro ass berechtegt: War hie well virum Kolumbus an Amerika?
N.B. Besonnesch attraktiv sinn d'Trishawen nuets, well da blénken a liichte se och nach ...