Wien stoung scho méi laang op hirer ToDo-Lëscht, elo hunn d'Ketty an de Rom Hankes dës Rees endlech realiséiert.

E Samschdeg de Moien fréi um 6.55 Auer goung et lass, an de Fliger Richtung Wien, eng Stad, wou mir allen zwee nach ni gesinn hunn, awer schonn ëmmer op der ToDo-Lëscht stoung.
Dohannen ukomm, war deen éischte Wee, nom Wallis ofhuelen, eng "Wien-Kaart" ze kafen, fir all U- an S-Bunn, sou wéi den Tram ze notzen. Flott war awer och, dass mer domat een Hop-On-Hop-Off-Ticket kruten a Prozenter op den Entréesticketen fir all Besichtegung.

Insidertipps goufen et vum Claudia, enger Frëndin an echter Wienerin, déi eis um Fluchhafen mat ewech geholl huet. Hatt ass mat eis extra iwwert de Ring, dem Stroossennetz ronderëm de Kär vu Wien gefuer an huet eis drop opmierksam gemaach, wat een alles kéint kucke goen.

RTL

Nodeems d'Claudia eis am Hotel deposéiert huet, hu mir eis ze Fouss Richtung Park gemaach, a bei herrlechem Wieder, si mer do och deem éischte Promi begéint, dem Mozart. Weider goung et an d'Alstad, wou mir 343 Trapen eropgeklomme sinn, bis an den Stephansdom. En net ganz onbeschwéierleche Wee, deen dunn awer mat enger impressionanter Vue belount gouf. Nieft deem grousse Stephansdom fënnt ee vill Terrassen. Dovun hu mir direkt profitéiert, fir eppes klenges z'iessen.

RTL

Gutt gestäerkt, hu mir eis mam Plang vu Wien weider op d'Rees gemaach: Duerch de Graben, een zimlech deieren Eck; laanscht d'Beruffspompjeeën; weider bis bei den Hof, wou Wënzer stoungen, déi do hire Wäi verkaaft hunn. Mer hunn eis en éischt Glas gegënnt a waren erstaunt, wéi gutt dee Wäin war.

RTL

A weider goung et! Bis bei d'Parlament, wat elo komplett sanéiert gëtt; weider zum Heldenplatz bei d'naturhistoresch a konschthistoresch Muséen, wou deen Ament eng Demo war; vum Albertinaplatz laanscht d'Stadtsoper; duerch de Park; laanscht de Moulin Rouge, e Restaurant an zum Schluss Richtung Hotel. Owes hu mer gemittlech giess an de Plang fir Samschdes gemaach. Et goung duerno just nach frou an zefridden an d'Bett.

RTL

Sonndesmoies nom Kaffi gestart, mat der U4 Richtung Schönbrunn, en absolute Muss an einfach de Wahnsinn. Leider ass et am Schlass selwer net erlaabt Fotoen ze maachen, mä dovu fënnt een der am Internet jo masseg. Fir den Dag zu Schönbrunn beim Schlass an am wonnerschéine Park perfekt ofzeschléissen, hu mir eis nach déi berühmte Strudelshow ugekuckt.

RTL

Um leschten Dag hu mer den Ufank um Naschmarkt gemaach, wou een, wéi de Numm et versprécht, vill naschele kann. Matt enger Taass Kaffi gestäerkt, ass et weidergaang. Hätte mir gewosst, dass dee bis owes 23 Auer op huet, an ee bis 22 Auer an hire klenge Bude frësche Fësch zerwéiert kritt, wiere mer ganz sécher léiwer eréischt mëttes dohi gaang.

RTL

Soit... Et goung weider op de Prater, wou mir och een Tour mam Zuch an dono eng Ronn am  Riserad gefuer sinn. Duerno weider Richtung Hundertwasser, schrill a schräg zugläich, wéi ee sech op de Fotoen iwwerzeege kann.

RTL

Nach séier en Tour mam Tram bis bei d'Donau, eng Rundfahrt gebucht a knapp 10 Minutte méi spéit souze mer schonn op eise Plazen, fir eis 1 Stonn an 20 Minutten gemittlech um Waasser dreiwen ze loossen. Op der leschter Etapp vun deenen 3 Deeg Wien goung et dann an der U-Bunn um Schwedenplatz Richtung Hotel, wou d'Claudia schonn nees gewaart huet.

RTL

A wéi kann een esou eng Rees am beschten ofschléissen? E Passage am Wiener Heurige, wat een als flott Erliefnes a gudder Gesellschaft mat guddem Iessen a leckerem Wäin beschreiwe kann.

Wien ass definitiv eng Rees wäert.

RTL