Déi kleng Insel am Chiemsee tësche München a Salzburg ass mat hirem herrlechen Alpe-Panorama e fantastesche Kader ... fir Hochzäiten zum Beispill!

Awer net nëmmen dofir! Vun der Fraueninsel misst sech nämlech am Fong all Tourist ugesprach fillen, och wann et si éischter an de Chiemgau verschleet, fir do op der e gudde Krack méi grousser Nopeschinsel, der Herreninsel, eent vun de 4 bekannte Schlässer vum bayeresche Kinnek Ludwig II. kucken ze goen: Herrenchiemsee nennt sech dat Schlass, dat de sougenanntene Märchekinnek op der gringer Insel fir sech opriichte gelooss huet an dat eng Kopie vu Versailles sollt ginn.

Mat engem Schlass kann déi ganz kleng a ganz heemeleg Fraueninsel zwar net dingen. Dofir awer mat enger ganzer Rëtsch anerer Sehenswierdegkeeten: Eng kleng léif Kierch (an deem sech iwwrigens de leschte Weekend eng Koppel aus Lëtzebuerg bestuet hunn!), e grousst Klouschter mat natierlech engem "Klosterladen", flott Weeër a vill flotte Plazen, op deenen ee sech déi typesch bayeresch Spezialitéite schmaache loosse kann. Vum Weissbier iwwert d'Semmelknödel bis zu de frësche Fësch aus dem Chiemsee. Deen ass dann och Schold un der fantastescher Kuliss vun der Fraueninsel. Wann ee mat der Fähr, entweder vu Gstadt oder vu Prien aus, op d'Insel fiert, dann schéngt et, wéi wa sech um Wupp vum Séi aus deem flaache Waasser déi bayeresch Alpen géngen eraushiewen. Virun allem bei Sonnenop- a Sonnenënnergang en impressionnant Bild!

De Chiemsee - "das bayerische Meer" - ass iwwrigens dee gréisste Séi a Bayern. Vum Bodensee - "das Schwäbische Meer" - läit jo just e ganz klengt Stéck am Freistaat. De Chiemsee ass 82 Quadratkilometer grouss an haut féiert déi berüchtegt a stauufälleg Autobunn A8 vu München op Salzburg ganz no laangscht de Séi. Ronn 600 Kilometer sinn et vu Lëtzebuerg an de "Chiemgau", wéi d'Géigend vum bayeresche Mier genannt gëtt. Déi huet iwwrigens nach méi ze bidden, wéi "just" d'Waasser mat der Herren-, Frauen- a Krautinsel (net bewunnt). Direkt op der anerer Säit vun der Autobunn, do, wou sech schonn d'Spëtze vun de bayereschen Alpen däitlech ofzeechnen, brengt eng Seelbunn een erop op d'Kampenwand. Déi ass 1.668 Meter héich a mat de Gondele kënnt een bis op 1.460 Meter, wou een da net nëmmen eng herrlech Vue op d'Alpen an de Chiemsee huet, mee och nach op enger Terrass der bayerescher Liewensaart "fröne" kann.

Vun deene ville, villen Ausflugsziler a Bayern hei nach just eent kuerz erausgegraff: Burghausen un der däitsch-éisträichescher Grenz, wou een déi anscheinend längste Buerg vun Däitschland bewonnere kann.

(Luc Marteling)