Taxi Bukarest (Deel 1/2)

Gees de mat op Bukarest?
Meeschtens äntweren ech bei Froen, een an eng Stad ze begleeden, spontan mat "Jo". Ech fannen näischt méi intressant, wéi Stied entdecken, hir Schéinheeten, hir Mënschen, hire Rhythmus, hir Geräischer, hire Geroch.
Mä bei der Fro no Bukarest hunn ech dach ee Moment gezéckt. Um Enn war de Virwëtz dunn awer ze grouss.
Oder war et d'Spannung op eppes ongewinnt Neits, wat d'Skepsis vum Ufank séier vergiesse gedoen huet? Ausser Stéchwierder wéi Ceaucescu, Hënn, Parken oder Dracula war net vill gewosst an e puer Viruerteeler bleiwen do och net aus, wann ee se och nach esou gär ënnerdrécke wëll.
Deen éischte Kontakt mat der rumänescher Haaptstad, ëmmerhin déi sechstgréisst aus der EU, war de Fluchhafen an d'Wallissen, déi net do waren. Dat kascht da schonn emol Zäit a Geld. Well den Taxichauffer (deen op eis gewaart huet an dat esouvill méi laang, wéi hie gemengt hat) huet fir d'éischt eis an duerno der Receptioun vum Hotel ze verstoe ginn, datt fir déi hallef Stonn Retard de Präis awer méi héich wier wéi ausgemaach. Déi éischt Taxi-Aventure an net déi lescht. Den Text huet net fir näischt säin Titel.
Nieft de Präisser, déi um Auto kloer markéiert sinn an och sollen am Taximeter ugewise ginn, waren et virun allem d'Handyen, déi engem déi éischt Andréck vun de Stroosse vu Bukarest vermëttelt hunn. Net eng eenzeg Taxi-Course hunn ech erlieft an där net den Handy um Chauffer-Ouer gepecht huet.

"Micul Paris"
Déi éischt Impressioun vu Bukarest war eng gewalteg an eng positiv. Aus dem nei renovéierte Fluchhafen huet de Wee laanscht riseg Parken a Grénganlage gefouert mat gefleegten Haiser an iwwerall amenagéierte Spillplaze matten dran. Grouss gewalteg Boulevard hunn een un d'Champs-Elysées denke gelooss an op eemol stoung och schonn en Arc de triomphe vrun engem. Bukarest ass net fir näischt "Micul Paris", also kléngt Paräis, genannt ginn. An net nëmmen den opteschen Androck gëtt dem Numm Recht, iergendwou och de chaoteschen Autosverkéier. Am beschten net op d'Strooss mä derlaanscht kucken.
Dat berouegt! An huet nach en agreabelen Nieweneffekt. Et entdeckt ee verstoppte Schéinheeten!
Och den Hotel huet sech vu senger beschter Säit gewise mat grousse, komfortabelen Zëmmeren, Internet gratis, an enger Lëscht vu Restauranten a Boutiquen. Den zweete Bléck war dann dach en aneren: Just ee Restaurant an ee Shop waren nach op an d'Benotze vun der Piscine koum op d'Rechnung.
An dunn nach d'Warnung beim Taxifueren ëmmer drop opzepassen, datt den Taximeter un ass.
Stad vun de Kontraster
Déi zweet Impressioun huet villes relativéiert, awer och villes gewisen, wat fir mech aus Bukarest d'Stad vun de Kontraster gemaach huet. Op där enger Säit eng Stad, an där d'Liewe pulséiert, wou vill jonk Mënschen a Studente besonnesch owes an de Bistroen an op de villen Terrassen zesummesetzen. Eng Stad an där riseg Publicitéitsecranen e gewësse Lifestyle ubidden an op där anerer Säit al Haiser mat baufällege Balkonen, Telefons- an Elektrizitéitsmasten un deene Millioune Kabele ronderëm gewéckelt sinn an al Mënschen, déi op de Stroossenecker e puer Lei froe fir hir schappeg Rent e bësschen opzepäppelen.

Dat alles ass Bukarest: eng Stad déi een hin- an hierrappt a bei där een den éischten Dag net sécher ass, ob een se elo gär huet oder net.
Mee een Dag geet och net duer. Grond genuch nach emol iwwer Bukarest ze schreiwen an ze liesen.