Definitiv, et muss een den zweete Bléck op Bukarest woen.

Déi eng Säit ass et d'Geschicht mat den Iwwerreschter vu grousse kulturellen an historesche Momenter an op där anerer Säit de Wahn vu politesche Systemer a Megalomanen, déi hir Spuere wuel op all Éiwegkeet hannerlooss hunn.

Der Legend no ass d'Stad um Floss Dambovita vun engem Hiert gegrënnt ginn, dee Bucur geheescht huet. Bucur ass och haut nach en heefegen Numm a bedeit reng ethymologesch souvill wéi "Frou sinn".

De Sigismund an den Dracula

Am 15te Joerhonnert gouf den Numm Bucuresti eng éischte Kéier an engem Dokument vum Woiwode (Fürst) Vlad III. Tepes ernimmt, deen als zweeten Numm Dracula hat. Dat heescht Fils vum Draach a geet op de Fait zeréck, datt säi Papp Member war an engem Draachenuerden, dee vun engem gewësse Sigismund vu Lëtzebuerg gegrënnt gi war. De Vlad III. Tepes war och d'Virbild fir dem Bram Stoker seng Romanfigur vum vampiresche Grof Dracula. De Grond dofir ass sécher d'Iwwerliwwerung vun net grad ganz zëmperleche Methoden, mat deenen de Vlad Tepes am Kampf géint d'Osmane gekämpft huet. Kloer Beweiser dofir ginn et awer keng.

Iwwerreschter vu sengem Palais aus dem 15te Joerhonnert sinn nach gutt erhalen.

Awer sécher sinn se manner pompös a grandios, wéi dat, wat de leschten Herrscher an der rumänescher Haaptstad hannerlooss huet.

RTL

Nodeems Bukarest am 19. Joerhonnert eng wichteg politesch Roll gespillt huet, gouf d'Stad ëmmer méi grouss an huet sech erausgefiizt mat dem Bau vun architektoneschen a kulturelle Gebaier, déi hir (besonnesch an der Zäit tëscht den 2 Weltkricher) de Spëtznumm "Paräis aus dem Osten" abruecht huet.

Nom Zweete Weltkrich gouf Rumänien en Deel vum kommunistesche System, mat engem Diktator un der Spëtzt, deen en Äerdbiewe vun 1977 genotzt huet, fir d'Stadbild op seng Manéier ze veränneren. Historesch Quartiere si verschwonnen a mat hinen d'Awunner, déi ëmgesiddelt goufen. Den Nicolai Ceaucescu huet sech säi Monument baue gelooss. De Palais vum Vollek - wéi en zynesch genannt gouf - ass e Spigelbild vun der Muecht - mat enger bebauter Fläch vun iwwer 300.000 m² an domatter dat gréisste Gebai op europäeschem Buedem.

No der Revolutioun géint den Ceaucescu a säi System gouf decidéiert, de Palais ze halen an de Sëtz vum Parlament do ënnerzebréngen.

E Monument fir d'Revolutioun ... dat revoltéiert

Den Numm Ceaucescu begéint een net zu Bukarest, awer ëmmer erëm d'Joreszuel 1989. D'Joer vun der Revolutioun!

Mee och dat spléckt nach dacks d'ëffentlech Meenung. E Monument zu Éiere vun den 1.104 Affer, déi d'Revolutioun géint d'Diktator-Koppel Ceaucescu kascht huet, steet vun Ufank un an der Kritik. Do sinn déi 2 Milliounen €, déi de Kënschtler Alexandru Gildus dofir kritt huet, awer och den ästhetesche Wäert vun deem wäisse Betons-Obelisk mat der metalle Bulle-Kroun, dee laang net jidderengem gefält. An dee wuel och dem ëffentleche Gedenken net vill méi bedeit - dat beweist den dach lamentabelen Zoustand, an deem de Sockel vun der Skulptur ass.

RTL

Vläicht steet dat och symbolesch fir sou villes zu Bukarest. Fir Haiser, déi zwar d'Schëld "Monument historique" op der Façade hunn, awer komplett baufälleg an deemno och net méi bewunnt sinn. Do wuessen aner Haiser an den Himmel an et kuckt een als Passant beonrouegt op d'Balkonen an d'Terrassen, déi wuel fréier eemol schéin an haut komplett delabréiert sinn.

RTL

An dann op der aner Säit kleng Bijouen! Gegléckte Renovatiounen, wou Vergaangenheet an Haut sech formidabel ergänzen, fannen sech vrun allem laanscht d'Calea Vitoriei.

Reliéis Ikonen an modern Ikonen

Oder déi vill kleng orthodox Kierchen, déi een op all Eck begéint. Mir ass et virkomm, wéi wann all Strooss hei hir Kierch hätt. Kierche voller Ikonen, déi mat enger gewësser Léift fir den Detail an der Rei gehale ginn.

Genau sou hin- an hiergerappt ass een awer och vun den Awunner. Do sinn déi  jonk, modern gekleete Leit, déi owes an de Stroossen an op den Terrassen am Quartier Lipiscani flanéieren, sech an der grousser Outlet-Mall déi neiste Moud-Iddie vun de groussen Designer-Marken ukucken oder sech fir d'Plakate mat de Concerte vu Sting oder Scorpions intresséieren.

RTL

An do sinn déi vill Auto-Freake laanscht d'Stroossen, déi all Sonndeg um Autosmaart hir Gefierer oder soss Accessoiren ubidden a sech vun engem Schëld beléiere loosse mussen, datt se an den offiziellen Auto-Park kee Fotoapparat, keen Hond a keng Waff mat eranhuelen.

Den Auto ass omnipräsent - e Statussymbol, an dach hunn ech och iwwerall an op all Strooss Vëlospiste gesinn. Just quasi ni e Vëlo, deen drop gefuer ass - mol net laanscht d'Uni.

Vläicht huet dat awer och eppes mat Sécherheet ze dinn, ech mengen och net, datt ech mech getraut hätt.

Taxien an d'Fro: waarm oder kal?

Dann awer besser mam Taxi, och wann do Lei an Euro op eemol dat selwecht waren oder d'Drénkgeld direkt an de Präis integréiert gouf oder de Wee op de Fluchhafen um Enn en Aller-Retour war. An dach ass een dann nach wäit vun deem Präis ewech, deen een zu Lëtzebuerg bezuelt hätt.

RTL

4 Deeg Bukarest gi mer net duer, fir kloer ze soen, ob ech an der rumänescher Haaptstad genuch Wäermt gespuert hunn, fir se richteg gär ze hunn.

Mee et ass jo d'Stad vum zweete Bléck! An dofir brauch een dann och vläicht eng zweet Rees: net nëmmen op Bukarest, mä och an d'Land, wéi ech mer soe gelooss hunn.

Sarut* Bucuresti!

* Kuss