Groussregioun Chiny: Bootsreese mat Passeuren!

Eng gutt 70 Kilometer vun eis ewech, tëscht Neufchâteau a Florenville, läit Chiny. E klengt belscht Dierfchen un der Semois...
D’Raphaëlle Dickes hat sech dëse Weekend mat engem sougenannte „Passeur“ op eng Bootsrees duerch di al Seechen agelooss...Dem Christian seng gutt 3 Meter laang blo hëlzen Barque ass quasi voll. Mir sinn zu enger 8 Touristen, déi sech fir di sougenannten „Descente“ op der Semois Rendez-vous ginn hunn.
Eis Rees féiert fir d’éischt mol hanne laanscht di grouss, säfteg bewuesse Gäert vun de sëlleche Weekendhaiser, déi hei um Ufer leien. De Passeur steet hannen um Wupp vun der Barque. A stéisst eist Schëffelchen mat engem laangen Aascht/Bengel weider.

D’Semois ass an der Moyenne just 1m20 déif, eng Paddel wär do net praktesch gewiescht fir d’Passeuren..., oder solle mer se éischter Schmuggler nennen? D’Passeuren haut sinn awer legal ënnerwee. Beim Christian ass et souguer eng Familljentraditioun : säi Papp war scho Passeur, an hien selwer féiert lo scho 24 Joer laang Touristen iwwer d’Semois. Als Hobby... Kee Wonner also, dass en de Floss a seng Seechen kennt wi seng Boxentäsch.
Sou huet all Fiels an all Hiel eng eege Geschicht. Plazeweis ginn d’Beem bis quasi an de Floss, da kommen nees méi gréng Passagen mat Schilf a Balsam. Mir begéinen di eng oder aner Int a souguer eng Schwanefamill. Soss ass et roueg. Bei schéinem Wieder allerdéngs, giff een dacks Schwëmmer begéinen, zielt de Christian.

Dacks ass et an der Lescht roueg op der Semois. Zanter e puer Joer schon, huet de Floss iwwert de Summer dacks net genuch Waasser an dann dierfe weder d’Passeuren, nach d’Kayakfuerer drop verkéieren. De Christian gesäit d’Zukunft vun de Passeuren domadder a Gefor. Och well net vill Jonker do sinn, fir d’Relève ze huelen.

Eis Descente geet vu Chiny erof bis op « La Cuisine », Dierfchen heescht esou well d’Grofen fréier hei giess hunn, wa se vun der Juegd koumen. Hei ass Endstatioun.
De Kontakt mat allen Informatiounen fënnt een op www.passeurs-reunis.be.
