München: Eng Stad, fir d'Liewen ze genéissen!

Andréck aus deem gréissten Duerf vun der Welt oder der nërdlechster Stad vun Italien - Andréck aus München!
Ech schwieren, wann een zu München aus dem Zuch klëmmt ... do richt d’Loft anescht wéi an anere Groussstied. Vläit e bëssi manner verpescht, e bëssi méi frësch, no Biergloft a wuel och eng Grëtz spiesseg. Net muffeg, mä spiesseg oder éischter nach: traditionell.
An et ass och dës Mëschung, déi sech a ganz München zréckspigelt an, jo, och de Charme vun dëser "Weltstadt mit Herz" ausmécht.
Am meeschte gëtt engem de Kontrast tëscht dem Modernen, dem Ausgeflippten, an dem Almoudeschen, Buedemstännegen, bei engem Spadséiergank duerch den Englesche Gaart bewosst. Et mengt een, op engem sonnege Sonndegnomëtteg géif sech hei hallef München treffen, fir op der grousser Wiss um Fouss vum Monopteros ze chillen, Fussball ze spillen an sech ze sonnen ... ugedoe Leit a Plakerten - "Nackerte" ginn si hei genannt a si mol d’Zeeche vun der Weltoppenheet an dann nees vun ëffentlechem Ustouss - d’Géigesätz kéinten net méi grouss sinn. Déi eng Säit exotesch Bongo-Kläng an der praller Sonn, di aner Säit Tschumdeckelen a Blasmusik am grousse Béiergaart beim Chineseschen Tuerm am Schied vun ale Käschtebeem. An hei fannen se sech all zréck: Déi Bayern, déi sonndes net ouni Liedersbox hir Maass drénke ginn, a cool Surfertypen. Jo, Dir hutt richteg gelies. Am Englesche Gaart fënnt ee Surfer matzen an der Stad, an dat wäitaus méi no un den Alpen wéi um Atlantik! Eng Stroumschnell um Eisbach, am südlechen Agank vum Englesche Gaart, mécht et méiglech. Et ass scho fir ze schmunzelen, déi cool Surfer, déi wéi Schoulkanner an enger Rei stinn an waarden, dass den Tour un hinnen ass.

Apropos Englesche Gaart, vum Chineseschen Tuerm ass et just e Kazesprong bis bei d'Ludwig-Maximilian-Universität. ... A wie bis era luusst an d’Entrée vun dësem "altehrwürdigen" Gebai, dee kritt eng Ahnung dovun, wéi sech d'Sophie Scholl a säi Brudder musse gefillt hunn wéi se d'Fluchblieder verdeelt hunn. Et fillt een sech op eemol ganz kleng. München huet sengen Helden e besonnesch schéint Monument gesat: e bëssen an der Traditioun vun de Stolpersteng sinn am Pavé virun der Uni stenge Kopië vun de Trakten, déi d’Geschwëster Scholl verdeelt hunn, agelooss. Onopfälleg opfälleg ... esou wéi de Protest vun de jonke Münchner deemools war.

Apropos Zweete Weltkrich, d'Stad gouf deemools zu engem groussen Deel zerstéiert a Prachtbauten an -avenuë wéi zu Paräis sicht een deemno zu München ëmsoss. Wat net heescht, dass déi bayresch Haaptstad op kulturellem Plang näischt ze bidden hätt. Wien et op engem City Trip net e ganzen Dag ouni Visite an engem Musée aushält, dee fënnt säi Gléck an enger vun den dräi Pinakothéiken. Dräi Muséen, dräi verschidden Zäitspanen: Alte an Neue Pinakothek an d’Pinakothek der Moderne. Fir d'Neue Pinakothek kann een eng bis zwou Stonnen arechnen an et kritt een e flotten Iwwerbléck iwwert d’Schafe vun den Moler aus dem 19. Joerhonnert, vu Goya bis van Gogh.
Virun allem léisst sech de Besuch an der Pinakothéik mat engem gemittlechen Trëppeltour duerch déi besser Wunnquartiere vu München verbannen. Kitt, et huet net onbedéngt eppes vun enger pulséierender Groussstad, mä dofir gëtt dës Beschaulechkeet nëmmen nach getoppt vun der blowaisser Trambunn, déi duerch d’Stroosse fiert.
An et ass eben d’Beschaulechkeet vun dësem Milliounenduerf, déi mir besonnesch opgefall ass. Am Zentrum ass alles mat e wéinege Schrëtt ze erreechen, 5 Minutte vum Englesche Gaart bei d’LMU a vun do an 10 Minutten nees op de Marienplatz. An esou grouss, wéi de Marienplatz um Fernseh ëmmer schéngt, ass e guer net. Mir huet en op alle Fall net méi grouss geschéngt wéi eise Knuedler. Tëscht München a Lëtzebuerg kann een eng ganz Rei Parallelen zéien ... net just well mir eis genee sou weltoppen ginn an dacks genuch net manner konservativ sinn.
Nee, virun allem huet München, opwuel hei dräimol souvill Leit wunne wéi a ganz Lëtzebuerg, de Charme vun enger klenger Stad behal. Dass d'Münchner granzeg sinn a verschloss, schéngt mir wéi e Klischee ... oder deen, deen dat gesot huet, war nach net zu Lëtzebuerg a ganz sécher net zu Paräis. München ass keng hektesch Groussstad an d’Münchner loossen sech net stressen. Fir e klenge Flirt bei der rouder Lut hëlt de Münchner sech gär Zäit. An anescht wéi zu Paräis muss ee keng Angscht hunn, als Foussgänger bei Gréng ëmgerannt ze ginn, et gëtt een éischter béis gekuckt, wann ee bei Rout nach séier eriwwerleeft ...
Iwwerhaapt schéngen d’Münchner mir wéi en zimlech genësserlecht Vollek ... kee Wonner an enger Stad, wou all Gedrénks am léifsten am hallwe Liter zerwéiert gëtt. Villäicht leit et awer och un dem dacks gudde Wieder an där frëscher Loft. Wien d’Gefill huet, dass d’smogverpeschte Loft zu Paräis engem d’Guergel zoudréit, dee kann zu München richteg op- an duerchootmen.

D’Münchner selwer nennen hier Stad "die nördlichste Stadt Italiens" ... an déi vill Parken a virun allem d’Béiergärt si richteg aluedend, fir sech einfach emol roueg an d’Sonn ze setzen an e kille Béier oder eng Glace ze genéissen. A verwonnerlecherweis sinn et net d’Touristen, déi do an der Iwwerzuel sinn, mä d’Münchner selwer. E Geheimtipp, deen ënnert den Awunner selwer allerdings alles anescht wéi en Geheimtipp ass, ass den Café Tambosi beim Odeonsplatz. Hei, an an dem Hofgarten direkt niewendrunn, sinn dolce vita a südlännsche laissez-faire grouss geschriwwen.
Wie München vu senger schéinster Säit wëll kenne léieren, dee sollt sech en Häerz huelen an de Reesguide agepaakt an d'Ubahn lénks leien loossen an déi verschidde Quartieren zu Fouss oder mat der Tram entdecken ... a virun allem et maachen ewéi d’Münchner: sech am Park an d’Sonn leeën an de Wolleken nokucken ... oder och mol matzen am Dag am Béiergaart e Weizenbier drénken.