Hamburg calling: "Am Wasser gebaut"

Eng Rees an d'Hafestad am Norde vun Däitschland - Andréck aus Hamburg!
Wann München wäiss-blo ass, an d’Stad dat gréngt Häerz vun Europa, da sinn ech tentéiert mir op der Faarwepalette eng Gro erauszesiche fir Hamburg. Nee, keng Mausgro, well Hamburg ass alles aneschters wéi langweileg, éischter eng knaschteg Gro wéi d’Elbe, well sou richteg aluedend ass déi net, wat meng Iwwerleeung fir mer eng schéi Wiss nieft deem grousse Floss ze sichen an eventuell kuerz bueden ze goen dach béis un Utopie - oder éischter nach un Naivitéit - grenze gelooss huet. Well nodeems ech zu Hamburg war, weess ech, dass ech do keng kleng Zéif an d’Waasser strecke géif.
Eng verwäsche Gro wéi den Himmel vläit, dee souguer déi schéi rout Zille vun der Speicherstadt net zum Strahle bruecht huet... ok ech muss agestoen, dass am nordwestlechen Europa dëse Summer allgemeng zimlech verschifft war a mir zu Hamburg mat 25° a groem Himmel, mä ouni Reen, dach nach zimlech Chance haten.
Oder awer eng trist Gro well - wann een emol déi historesch Speicherstadt an déi futuristesch Hafencity ewech léisst - typesch 60er-Joeren-Gebaier d’Stadbild am Zentrum bei wäitem dominéieren. Och hei gëtt et eng Erklärung: zu Hamburg stoungen no 1945 net méi vill Steng openeen. Mee och Gréngfläche sicht een an der Stad selwer ëmsoss... an déi hu mir bei wäitem am meeschte gefehlt zu Hamburg. Do konnt mech och de Bléck moies vum Kaffisdësch erof op d’Segelbooter op der Aussenalster net wierklech tréischten. Sou direkt niewent enger grousser Strooss huet“Aussen”alster fir mech no Mogelpackung geklongen.
Venedig des Nordens
Mee, ier ech iech decouragéiere weider ze liesen: Hamburg ass eng Stad mat Charme, déi duerchaus ze iwwerzeege weess. De Charme ass vläit nordesch ënnerkillt, mä et ass ganz schwéier, sech ëm ze entzéien. Net vir näischt gëtt Hamburg och nach “Venedig des Nordens” genannt. De Stadkär selwer ass vun enger sëlleche Kanäl duerchzunn an ganz Hamburg zielt iwwer 2500 Brécken.
Bei “Charme” denkt deen een oder anere wahrscheinlech fir d’éischt emol un d’Reeperbahn, déi sougenannte sündige Meile am Quartier St. Pauli - dee wuel bekannteste Rotlichtmilieu an der Welt. Bekannt gouf en duerch d’Séifuerer, déi hei dacks bei hirem éischte Landgang no Méint op de siwe Mierer all hier Heuer an Alkohol, schéi Meedercher a Glécksspill, soe mer mol, investéiert hunn.
Hamburg - Hafenstadt
Hamburg war an ass virun allem eng Hafestad. Den Hamburger Hafen ass deen 3. gréissten Hafen an Europa an den 8. gréisste weltwäit. An dass net nëmme kleng Schëffer d’Elbe erop schipperen, mä och déi richteg grouss Pött gëtt engem am beschte bei enger Hafenrundfahrt bewosst.

Wat sech op den éischte Coup no klassescher Touristefal ugesinn huet, huet sech als informativ Schaukelfahrt an engem klengen Boot tëscht riesegrousse Containerschëffer entpoppt. An am Platz vun Touristekascht aus der Bécks - ech mengen deen typeschen Resuméë iwwert eng belibeg austauschbar Touristenattraktioun, geschwat vun enger belibeg austauschbarer Stëmm op Band wahlweis op englesch, franséisch oder däitsch - war eise Kapitän och gläichzäiteg eisen Touristeguide, deen net just den Hafen wierklech kennt wéi seng Paltongstäsch mä och nach zu all gréisserem Schëff, a wann et nëmmen 2 Deeg virun Anker läit, eng Geschicht ze ziele weess. Dat ganzt gesalzt mat enger Pout typesch nordeschem, dréchenem Humor: “Gestern hat der Schleusenwart ein Touristenschiff während ganzer 2 Stunden in der Schleuse vergessen”.
Speicherstadt
Zeréck u Land - charmant, nee direkt pittoresk wierkt d’Speicherstadt. De Numm erklärt sech bal vum selwen, hei an den Lagerhalen - déi iwwregens op Holzstailer gebaut sinn - goufe fréier d’Wueren, déi gehandelt goufen, tëschegelagert. Haut gëtt hei virun allem just nach eng Wuer gehandelt: Teppecher. Hamburg ass no dem Iran déi gréissten Emschlagsplaatz fir Tapisen. Zwou grouss Touristenattraktioune verstoppen sech dann awer och nach an deenen alen Haiser: den Hamburg Dungeon (eng Zort Geeschterbunn duerch d’Geschicht vun Hamburg) , an d’Miniaturwunderwelt eng Erliefneswelt vu Modelleisebunnen.
Hafencity
Eng Bréck weider a schon ass een an engem ganz neien, modernen Deel vun Hamburg, dee virun allem eppes soll sinn: hip! Dat léisst de Numm Hafencity schon ukléngen. Nomen est omen! Architekturfans kommen hei voll op hier Käschten, hei gläicht kee Gebai deem aneren, an awer fügt sech all Gebai wéi ee Puzzelstéck an e groussen Ensemble. Dee killen Understatement vun de kloere Formen an Strukturen duerch deen sech déi modern Architektur definéiert, passt wéi d’Fauscht op d’Aa bei dee genee sou killen, nordesche Charme vun Hamburg.

Den Iwwergang tëscht dem alen, traditiounsräichen, an dem ganz moderne symboliséiert dat impressionant Gebai vun der Elbphilharmonie. Den ënneschten Deel ganz aus Klinker, sou wéi d’Speicherstadt, den ieweschte ganz futuristesch. E bësselchen huet mech d’Geschicht vun der Elbphilharmonie, déi iwwregens nach am Bau ass, un Lëtzebuerg erënnert: 2007 goung de Chantier un, 2013 (no e puer Verlängerungen) soll en héchstwahrscheinlech fäerdeg ginn an e puer kräfteg Finanzsprëtzen hat de Projet bis elo och néideg. Mat 30 Milliounen ugesat, huet d’Elbphilharmonie bis elo schon iwwer 300 Millioune verschlongen. Néansmoins, eppes muss een den Architekte loossen, d’Gebai ass elo schon en absoluten Eyecatcher an dat zu Land wéi zu Waasser!
An sou ass d’Elbphilharmonie e gutt Symbol fir Hamburg: tëscht al an nei, tëscht sündiger Meile an Containerhafen. An sou wéi ech mer den Titel fir dëse Reportage bei Fettes Brot geléint hunn, sou ginn si och meng Conclusioun zu Hamburg: nordish by nature!