Wien un Texas denkt, denkt un Ueleg a Rannerherden. Dass de Lone Star State awer nach vill méi ze bidden huet, beweisen de Bob Kieffer an den Daniel Toth.

Op RTL.lu schreiwe si Reesreportage iwwer 7 Stied mat 7 vun hire perséinlechen Highlights am Texas.

Amarillo - Big Texan on Route 66

“Is this the Road to Amarillo?” huet den Tony Christie 1971 gefrot, an wien op der Route 66 am Norde vum Texas ënnerwee ass, kann déi Fro mat “Yeah” beäntweren. Amarillo ass déi eenzeg Groussstad am Texas Panhandle, mä wéi vill amerikanesch Metropole fillt se sech éischter wéi ee rouegt Stiedchen un, mat enger grousser Agglomeratioun.

Mattendran, mä natierlech direkt laanscht den Highway, fënnt sech “The Big Texan Ranch”. Een ideale Stop wann een ënnerwee sou richteg vill Honger krut: Wien et fäerdeg bréngt den 1kg Steak bannent enger Stonn ganz ze packen, brauch en net ze bezuelen!

RTL