Texas (Deel 2/7): Houston - Johnson Space Center

"Houston, we have a problem" ... mir fannen de Space Center net!
Anescht, wéi een dat menge kéint, läit de Houston Space Center nämlech éischter diskret an der Banlieue vun Houston, kee Verglach mam Kennedy Space Center a Florida. Och de Visitor Center mat sengem obligate Gift-Shop, sengen e bëssen antiquéierten Ausstellungsobjekter a sengen Entdeckungsspiller fir Kanner ass net grad spektakulär.
Richteg interessant gëtt et eréischt, wann een op den Terrain vum Center selwer eropfiert, wou ee gewise kritt, wou a wéi Astronauten trainéieren an neit Equipement entwéckelt gëtt.
Héichpunkt vun all Tour ass d'Visite vum historesche "Mission Command", vu wou déi éischt Missiounen an de Weltraum coordinéiert goufen - a vu wou am selwechte Gebai bis haut d’ISS gesteiert gëtt. Wat bleift ass ee batteren Nogoût: D'Zäiten, an deenen nach vun der Zukunft gedreemt gouf, an Science-Fiction Alldag war, sinn och an den USA leider eriwwer ...
