“Remember the Alamo !” ass ee vun deene Spréch, déi all Amerikaner ee Begrëff sinn.

An dëser aler Missioun huet sech eng vun deene legendärste Schluechte vum amerikanesch-mexikanesche Krich ofgespillt. Haut ass de Komplex en Deel vun der herrlech renovéierter Alstad vu San Antonio, déi sech zu engem Magnéit fir Touristen aus ganz Amerika entwéckelt huet. Queesch doduerch schlängelt sech de San Antonio River, a lénks a riets dovunner de „Riverwalk“.

Et ass dësen Ensembel vu Foussgängerweeër a Brécken, deen der Stad de Ruff vum „Venedeg vun Nordamerika“ abruecht huet. Well och Venedeg sech ëmmer méi zu engem Disneyland entwéckelt, ass de Verglach guer net mol sou falsch. Ronderëm de Riverwalk hu sech Dosende Restauranten a Caféen etabléiert, sou dass besonnesch Owes hei fir Animatioun a flott Stëmmung gesuergt ass. Klengen Tipp: wien et ganz verréckt wëll, bucht een Iessen op engem vun den Waassertaxien, déi um San Antonio River zirculéieren.

RTL