Texas (Deel 4/7): Crawford - Kouduerf

"I didn't grow up in the ocean - as a matter of fact - near the ocean - I grew up in the desert.” Sou huet den George Bush emol seng Heemecht ëmschriwwen.
Fir méi genee ze sinn: Crawford, Texas. Keen Duerf, eng stëbseg Kräizung. D’Farm vun der Famill Bush läit e puer Miles aus dem Duerf eraus, ee klenge Feldwee eran, deen ouni d’Hëllef vun de „Locals“ kaum ze fannen ass. Zu Crawford selwer erënnert nach just wéineg un den 43. President vun den USA: ee Giftshop zu sengen Éieren, deen allerdéngs och scho besser Zäiten a méi Visiteure gesinn huet, an eng verblatzte Foto vun der Presidentekoppel an der Entrée vum Duerf. Crawford huet nach net mol ee Bistrot, deen den Numm verdéngt. An awer: Wien verstoe wëll, firwat no de „Clinton Years“ d’USA do ukomm sinn, wou se haut stinn, wien begräife well, firwat während der Ära W d’Saachen sou gaang sinn, wéi mer wëssen, ass zu Crawford genee richteg.
