„Everything is bigger in Texas.“ Dat gëllt och a punkto Capitol.

D'Regierungsgebai vun Texas ass effektiv méi héich wéi dat zu Washington, an dréckt sou perfekt d’Selbstverständnis vum Lone Star State aus. Fir dëst imposant Gebai gouf nëmme Material aus Texas verbaut, an d'Resultat kann sech weise loossen. Iwwer 100 Raim op 33.000 m², déi bal alleguerte fräi ze visitéiere sinn … ëmmerhinn sollen d'Wieler a Steierzueler sech kënnen ee Bild doriwwer maachen, wat hir Representanten do dreiwen, a mat dem Vollek senge Suen ufänken. Am Texas ass et dofir och net ongewéinlech, dass eng Manifestatioun net iergendwou virun, mä direkt bannendran am Capitol stattfënnt. Ervirzehiewen ass och d'Galerie banne ronderëm d'Kuppel, mat de Biller vun allen Gouverneure vum Texas, an natierlech de „Lone Star“, de Wope vum Texas, deen  iwwerall am Gebai ze fannen ass, well en op deenen onméiglechste Plaze, vun der Klensch bis zum Lüster, mat agebaut gouf. Haut géif ee sou eppes Design nennen. Wien e bësse méi Zäit huet, kann och nach een Tierchen duerch de Park maachen, an deem de Capitol läit, an déi sëlleche Monumenter bewonneren, déi hei am Laf vun de Joren opgeriicht goufen.

RTL