"The world is littered with the bodies of people that tried to stick it to ole J.R. Ewing."

Dallas am Joer 2011 huet net méi vill ze di mat der Stad, där hir Skyline am Ufank vun all Folleg vun der gläichnameger Serie duerch d'Bild geflunn ass. Besonnesch déi historesch, mä frësch renovéiert Downtown huet ee Charme, deen een an dëser Groussstad nieft all den imposanten Héichhaiser vun den Uelegfirmen a Banke wuel kaum erwaart hätt. Nëmmen e puer Schrëtt weider läit d'Dealey Plaza, traureg bekannt als déi Plaz, wou de President J.F. Kennedy erschoss gouf. Dat banaalt Gebai, aus deem den Oswald geschoss huet (oder geschoss soll hunn), ass bis haut gutt erhal, sou dass een d'Zeen vun deemools relativ gutt novollzéie kann. Ee grousse Cenotaph aus hellem Beton erënnert un d'Tragedie aus dem Joer 1963.

RTL