"A cowboy is a man with guts and a horse." E bësse baussent dem Stadzentrum leien d'Fort Worth Stock Yards, déi texanesch Variant vun de Rives de Clausen.

Wat am 19ten Joerhonnert als Zentrum vum Véihandel entstanen ass, gehéiert haut zu deene Plazen am Texas, wou d'Nuetsliewe grouss geschriwwe gëtt. Nieft enger grousser Zuel Restauranten, Pubs a Bare fënnt sech hei dee gréisste Club am Texas (also vun Amerika, also vun der Welt), wou all Dag excellent Live-Musek gebuede gëtt.

Direkt donieft läit déi lokal Rodeo-Hal, wou all Weekend eng perfekt Mëschung tëscht Sport an Entertainment gebuede gëtt. Wann een hei ee Cowboy gesäit, ass et net, well grad Fuesend wär ... den traditionellen Outfit gehéiert hei zum Alldag!

RTL