D'USA sinn eng excellent Destinatioun fir all Frënn vun authentescher Live-Musek.

Wien mam Auto ënnerwee ass, ka bannent nëmmen 4 Deeg 4 weltwäit bekannten Héichbuerge vun der Musek erliewen : Chicago, Illinois, wou d'Bluesbrother doheem sinn, Nashville, d'Haaptstad vun der Countrymusek, Memphis, den Zentrum vum Blues (an d'Heemecht vum Elvis Presley), an New Orleans, Louisiana, de Synonym vum Jazz. De Bob Kieffer an den Daniel Toth vun Americana.lu hunn fir Iech d'Rees vum Norden no Süde gemaach. Ausgangspunkt ass Chicago.

RTL

Chicago

“The Windy City” ass architektonesch sécher eng vun deene flottste Stied an Amerika, a schon alleng dofir eng Visite wäert. Mee och Museksfrënn kommen hei voll op hier Käschten. Spéitstens säit dem “Blues Brothers” Film vun 1980 ass d’Museksszen vu Chicago och an Europa ee Begrëff. Bis haut hunn sech mat “Blue Chicago” an dem “Red Hat” Pianobar (wou sengerzäit den Billy Joel op d’Taste gehummert huet) Lokaler erhal, an deenen een excellent Live-Musek genéisse kann. Eng speziell Mentioun verdéngt d’”House of Blues”, déi berühmt Concertshal mat ugeschlossenem Restaurant. Säit 1996 ass dëst Etablissement, deem seng Architektur vun der Estavovski Oper zu Prag inspiréiert ass, eng sécher Adress fir excellent Musek. Nieft dëse groussen Adresse wëssen awer och vill aner Caféen a Baren duerch live Ënnerhalung ze iwwerzeegen. Et geet duer owes duerch d’Stroossen vum Zentrum ze trëppelen an d’Oueren opzehalen !

RTL

Vun Chicago geet et iwwer Indianapolis a Louisville op Nashville.Dat sinn ca. 460 Miles, soit 740 km oder 8 Stonnen am Auto.