Music Cities of the USA (Deel 3/5): Memphis

Memphis d’Stad vum Blues, vum Martin Luther King (deen hei erschoss gouf), an natierlech vum Elvis.
Ähnlech wéi Nashville huet och Memphis säi Quartier, wou sech eng Bar un déi aner reit, an iwwerall gëtt Live-Musek gespillt. Wat ëmmer rëm opfält ass d’Qualitéit vun de Bands an d’Fehle vu quasi all Starallüren vun de Museker déi hei optrieden. Vill grouss Nimm hunn hei hiren Duerchbroch gepackt, a vill vun hinne kommen och haut nach ëmmer mol rëm fir een Owend ze spillen. Fir Elvis Fans féiert natierlech kee Wee laanscht Graceland, an engem Viruert geleeën, nëmmen eng véierel Stonn vum Stadzentrum. Wann dem Elvis säin Haus nach ëmmer am (oft skurrilen) Originalzoustand konservéiert gëtt, sou huet sech ronderëm dach awer ee richtegt klengt Disneyworld developpéiert, komplett mat Shops, Restaurant’en, Muséen a souguer enger Expo vum Elvis sengen Autoen an … Fligeren. Et muss een net Fan sinn, fir trotz allem vun der Visite impressionéiert ze sinn : „Before anyone did anything, Elvis did everything“ !

Vu Memphis op New Orleans sinn et knapp 400 Miles, gutt 6 Stonnen am Auto.