Wat fir den Däitschen d’Heimatmelodie ass, ass fir den Amerikaner d’Country-Musik. Just besser. An hei ass se doheem: Nashville, Tennessee.

Nashville ass een éischter rouegt Stiedchen, mä ënne beim Waasser, um a ronderëm de Broadway, reit sech ee Live-Club un deen nächsten. Gratis Entrée, uerdentlecht Iessen a bëllegt Gedrénks sinn de Garant fir gutt Laun, woubäi matrappend an immens villsäiteg Live-Musek fir excellent Stëmmung suergt. Bis haut maachen sech déi Grouss aus der Branche eng Éier draus, ëmmer rëm op Nashville zeréckzekommen, fir an engem vun deene klenge Cluben ze spillen, an deenen och fir si alles ugefaang huet. Am Dag recommandéiert sech eng Visite vun der Country Music Hall of Fame, am Häerz vun der Stad, an natierlech een Ausfluch an d’Jack Daniel’s Distillerie zu Lynchburg, gutt annerhallef Stonn vun Nashville.

RTL

Vun Nashville op Memphis sinn et ca. 220 Miles, ronn 3 Stonnen am Auto.